HTML5.

February 8, 2010 Leave a comment

Pas mal, wat een ouch ouni Flash ka maachen: Sketchpad.

(via)

Categories: Wired world

Ah, Liberaliséierung …

February 7, 2010 8 comments

D’Liberaliséirung vum Marché usech ass jo net onbedengt schlecht, mee sie huet awer, wann se onkontrolléiert oder ze large ass, séier negativ Konsequenzen fir de Keefer well de Verkeefer oft probéiert hien op d’Aan ze drécken a säin eegene Benefice duerch Onéierlechkeet ze maximiséieren.

Dobäi fängt dat Ganzt nach relativ harmlos un (source):

Seit April 2009 muss eine Schokoladentafel nicht mehr 100 Gramm schwer sein – der Hersteller kann die Größe frei wählen. Auf Druck der Europäischen Union waren damals viele Vorschriften zu Verpackungsgrößen von Lebensmitteln weggefallen.

Op den éischte Bléck wier een tentéiert d’accord ze sinn: “Jo, firwat sollen Firmen net d’Recht hunn selwer ze bestëmmen, wat fir Gréissten sie ubidden? Hinnen fix Gréissten virzeschräiwen beschränkt hier Fräiheet an blabla.” De Problem ass awer, dass esou eng Flexibilitéit vun onéierlechen, oder deceptiven, Gesellen ausgenotzt gët:

Verbraucherschützer warnten von Anfang an vor versteckten Preiserhöhungen. Jetzt zeigt sich: Sie haben Recht behalten.

An die perfide Taktik ass fir de Präis gläich ze loossen mee d’Packung e bëssen méi kleng ze man. Weem fällt dat schon direkt op??

Erneut auf die Liste der Verbraucherschützer schaffte es etwa die Fruchtbuttermilch der Molkerei Weihenstephan, die zum Konzern des Milch-Milliardärs Theo Müller gehört. Statt vorher 89 Cent kostet die neue Buttermilch jetzt zwar nur noch rund 85 Cent – doch statt wie bisher 500 Milliliter sind jetzt nur noch 400 drin, eine Preissteigerung von gut 19 Prozent. Neu auf der schwarzen Liste sind auch die Wellness-Flakes von Lidl, die nun in kleinerer Verpackung gut 36 Prozent teurer geworden sind.

D’Excusen vun de Produzenter sinn natierlech net vill méi wie kompletten Bullshit a Lijen:

Der Verbraucher habe eine praktischere Verpackung gewollt, rechtfertigt eine Firmensprecherin die Teuerung.

Die Industrie rechtfertigt die Preissteigerungen meist mit erhöhten Rohstoffkosten.

Verschidden Läit wäerten lo nees argumentéieren, dass de Problem net d’Verkeefer sinn, mee d’Keefer, déi ze domm sinn selwer déi Saachen do erauszefannen. Mee et ass manner eng Saach vun domm sinn, wéi dass een einfach d’Offren net einfach mateneen vergläichen kann. Den Produzenten ze erlaben, quelconque Gréissten ze benotzen, mëcht et fir den Verkeefer genau sou komplizéiert fir Präisser ze vergläichen, wéi wann d’Produiten an quelconquen Währungen kéinten libelléirt ginn! Fréier woer et jo och relativ komplizéiert erauszefannen, wou an Europa en Objet X am bëllegsten woer. Haut mat engem gemeinsamen Euro ass dat natierlech vill méi einfach. Wat den Keefer freet, mee den Verkeefer natierlech bedauert. Mee lo huet en jo awer opmanst nees bei Wueren vun variablem Gewiicht nees d’Méiglechkeet ze tricksen, ze verschleieren an d’Läit ze bedupsen …

Categories: Gesellschaft, Politik

Time flies …

February 6, 2010 Leave a comment

Just nach eng Fro vun der Zäit:

-Is it true that they built houses for phones when you were a kid, grandpa?

-Well, not exactly, but you had to go to one of those kiosks if you were not home and wanted to talk to someone on the phone.

-But, grandpa, that cant be. People could just walk in there and take the phone with them.

-No, my child. They had a cord. You could not use them without the cord.

-How stupid. What was the cord for?

(source)

Erënnert mech och un de Kolleg, deem säi klenge Bouw aus der Schoul erem komm ass an him ganz opgereegt erzielt huet:

‘Haut hat de Schoulmeeschter eis eng komesch Maschinn gewiesen. Et huet een eng ronn, schwaarz Scheif op déi Maschinn geluegt an dann en Hiëwel mat enger Pick op déi Scheif. Dann huet een d’Maschinn ugemaach, d’Schweif huet ugefaang ze dréinen an et huet een Musek héieren!’

Categories: Geschicht, Gesellschaft

Anonymitéit um Internet.

February 3, 2010 Leave a comment

Nees en interessanten Artikel vum Bruce Schneier, dës Kéier iwwert d’Diskussioun op den Internet anonym soll sinn/bléiwen oder net:

Imagine a magic world in which every Internet packet could be traced to its origin. Even in this world, our Internet security problems wouldn’t be solved. There’s a huge gap between proving that a packet came from a particular computer and that a packet was directed by a particular person. This is the exact problem we have with botnets, or pedophiles storing child porn on innocents’ computers. In these cases, we know the origins of the DDoS packets and the spam; they’re from legitimate machines that have been hacked. Attribution isn’t as valuable as you might think.

Attempts to banish anonymity from the Internet won’t affect those savvy enough to bypass it, would cost billions, and would have only a negligible effect on security. What such attempts would do is affect the average user’s access to free speech, including those who use the Internet’s anonymity to survive: dissidents in Iran, China, and elsewhere.

The whole attribution problem is very similar to the copy-protection/digital-rights-management problem. Just as it’s impossible to make specific bits not copyable, it’s impossible to know where specific bits came from. Bits are bits. They don’t naturally come with restrictions on their use attached to them, and they don’t naturally come with author information attached to them. Any attempts to circumvent this limitation will fail, and will increasingly need to be backed up by the sort of real-world police-state measures that the entertainment industry is demanding in order to make copy-protection work. That’s how China does it: police, informants, and fear.

En Thema iwwert dat et sech definitiv lount nozedenken. An dat nees méi komplex ass, wéi et op den éischten Bléck schéngt …

Firwat Beamten streiken.

February 3, 2010 Leave a comment

An Däitschland wëllen d’Beamten streiken fir méi an der Paye ze kréien.

A mat wat rechtfertegen se dat: mat der Krise an dem Rofgoen vum Konsum!

A fir eppes dogéint ze maachen, giffen sie sech ‘opferen’ fir méi ze konsomméieren … wann se dann méi Geld giffen kréien.

Op der enger Säit ass do eng gewëss Logik dohannert, op der anerer Säit ass et natierlech nëmmen absurd. Well da kéint de Staat och jiderengem einfach Geld ginn fir d’Economie unzekuerbelen, an net just engem Grupp!?

ps. den obligatoreschen Beamtenwitz muss awer lo och kommen: “Wéi dann? D’Beamten wëllen streiken? Ech duecht et misst een mol fir d’éischt iwwerhaapt eppes schaffen fir streiken ze kënnen?”

Categories: Gesellschaft

Gedanken zu apps, micropayments an eCommerce am Allgemengen.

January 31, 2010 13 comments

Et ginn jo Läit, déi beschwéieren sech iwwert Apps oder den AppStore. Ech verstinn awer net ganz firwat. Well et get jo keen gezwongen, se ze kafen. Wann se dann iwwerhaapt eppes kaschten.

Ech fannen Apps eng wierklech flott, an oft praktesch, Saach. An en immens gudden Moyen fir kreativ Läit et ze erméiglechen fir vun hierer Kreativitéit liewen ze kënnen. Wann se dann eng gutt Iddi hunn an se och gutt emsetzen kënnen! Wou, oder wéi, soss kann een mat engem Spill oder soss enger Applikatioun, déi een fir e puer Euro verkeeft Honnertdausenden vun Euro verdéngen? Ech giff soen néirens.

Micropayments kënnen also funktionnéieren an béid Säiten, dem Verkeefer an dem Keefer, eppes bréngen. Dem Verkeefer Suen mat deem en liewen kann an dem Keefer en Qualitéitsproduit (wou bäi Goûten natierlech ënnerscheedlech kënnen sinn!). An Qualitéit muss ëmmer bezuelt ginn. Soit vun engem selwer (duerch Zäit an/oder Suen), soit duerch Reklammen. An da bezuelen ech perséinlech léiwer eppes, wéi dass ech vun Reklammen bombardéiert ginn (d’Reklammen erauszefilteren ass ähnlech wéi wann een eppes giff klauen – an kontraproduktiv à la longue, well Qualitéit net gratis hierzestellen ass – wann een net schon duerch aner Saachen finanziell ofgeséchert ass).

Duerfir sinn ech och zB bereet fir Musek, Filmer, eBooks an Qualitéitsjournalismus online ze bezuelen. Ennert zwou Konditiounen: (1) d’Präisser mussen raisonabel sinn an (2) d’Bezuelen einfach.

Zu (1): et geet net, dass digital Versiounen sou déier sinn wéi physesch Objeten. D’Vervielfältegen vun digitalem Contenu kascht jo näischt. En plus fällt Verpackung an Transport fort. Also däerf een d’Läit och net fir blöd verkafen an de Präis muss einfach gesenkt ginn. En plus gët jo all Mënsch mat engem Internetuschloss zum potentiellen Client, duerfir kann een jo, theoretesch, x mol méi verkafen.

Zu (2): ech well net ëmmer rem missen meng Kreditkaart uginn oder mech soss irgendwéi registréieren. Bitt Paypal un! Oder vu mir aus och AmazonPayments. Mee et muss einfach sinn. Ee Passwuert, färdeg. Ech hunn dat och schon x ONGen oder gewëssen Siten gemailt, déi zu Spenden fir sech opgeruffen. Baut keng Hürden an. Mat engem Klick muss dat gedoen sinn.

En plus, wann ech fir eppes bezuelen muss, da ginn ech och nees méi selektiv. Ech maache mer Gedanken op ech dat lo wierklech wëll, brauch oder och nëmmen iwwerhaapt gutt fannen. Trotzdem erlaben ech mer awer souvill Fräiheet fir fir d’éischt ze testen op ech eppes gutt fannen éier ech et kafen. Bei Amazon kann een via Kindle App dat éischt Kapitel vun engem Buch downloaden an dann reischt decidéieren op een dat ganzt wëll kafen. Fannen ech super. Ass jo ähnlech, wéi 30 Sekonnen Musik ulauschteren. Bei Serien fannen ech misst par defaut déi éischt Episode gratis sinn. Bei Filmer villäicht déi eischt Véirelstonn.

Och fannen ech et richteg fir Läit fir hier (gutt) Aarbecht ze bezuelen. Mir schaffen jo och net gratis.

Wann awer lo zB een mir d’Méiglechkeet net gët fir eppes direkt online ze kafen, aus wat fir engen Grënn och ëmmer, da ginn ech jo quasi gezwongen fir illegal Methoden ze gebrauchen. Wéi zb, dass ech mer muss amerikanesch Serien illegal eroflueden well ech se net legal online kafen kann. Awer dat ass eng ‘Nout’situatioun. Normalerweis, an ënnert deen uewen erwähnten Konditiounen, sinn ech bereet fir ze bezuelen. Ech muss een mir just, oder opmanst awer, d’Méiglechkeet ginn.

Op der anerer Säit gi mer Freeloader, zumools därer, déi et sech leeschten kéint fir ze bezuelen an déi selwer och net fir lau schaffen, ëmmer méi op d’Nerven mat hierer kannerecher Attitüde, dass sie alles (mir schwätzen vun Entertainment an ‘Luxusartikelen’ hei) missten gratis kréien.

Categories: Medien, Wired world