Home > Politik > Een Ex-Diktator manner.

Een Ex-Diktator manner.

MilosevicSou, lo ass den Slobodan Milosevic jo geschter doud an senger Zell zu Den Haag opfonnt ginn. Usech jo keen Grond fir traureg ze sinn, an die mansten wärten daat och sinn. Et kéint een héichstens bedaueren dass den Prozess net zu engem Enn komm ass an den Milosevic offiziell verturteelt gouff. An dass d’Emstänn vun sengem Doud lo villäicht sengen Unhänger eng Méiglechkeet bidd fir den Tribunal unzesichen an ze verkloen. Oder opmanst ze diskréditéieren (well d’UN ët jo oofgelehnt haat dass den Milosevic an Russland giff um Härz operéiert ginn).

Op der anerer Säit ass et genausougudd dass deen ganzen Zauber eriwwer ass well deen ganzen Prozess (opmanst fir mech als Net-Affekot) oft lächerlech gewierkt. Eng Farce, e bessen wéi dem Saddam Hussein säin. Bei béiden Männer ass et offensichtlech an glaskloer dass sie onmoosseg onmenschlech Drecksäck woren an trotzdem brauch een irgendwéi en Eiwegkeet fir hinnen daat schwaarz op wäiss no ze wéisen.

Ech verstinn jo dass een an enger Demokratie och sou Läit en fairen Prozess muss ginn an sie net sou jugéieren kann wéi sie ët selwer fréier gemaach hunn an waat jo en plus een vun den Punkten ass deen een hinnen virwërft. Trotzdem kann een sech froen op do net eng aner adéquat Manéier hätten kéinten fonnt ginn. Dofir sinn och vill Läit insgeheim domadder averstaan ass wann d’Vollek sech selwer un deem rächt deen ët Joren laang mësshandelt an terroriséiert huet, wéi am Fall Ceaucescu zum Beispill. Daat woer lo villeicht net onbedengt eng Stärstonn vun der Demokratie an der mënschlecher Zivilisatioun un sech.

Mee op der anerer Säit woer de Problem wéinstens séier geléist.

Categories: Politik
  1. March 12, 2006 at 1:50 pm | #1

    Hien gouf embruecht! Ech si mer secher! Haaaaaa….dat richt noo verschwörung! 23, KGB, NSA, Hellllllef!

  2. March 12, 2006 at 2:07 pm | #2

    Ah, en Verschwörungsfan! Die gudd, aal 23 :)

  3. March 13, 2006 at 7:59 pm | #3

    Esou politesch korrekt war daat lei awer lo net, oder? ;)
    Opgepasst: “poltically correct” ass, besonnesch an Internet an virun allem an Amerika, en Kampfbegreff vun den Neonazien.
    Net, daat ech daat geif unhuelen, mee et keint falsch obgeholl gin.

  4. March 13, 2006 at 8:10 pm | #4

    Ah sou? “Politically correct’ en Kampfbegreff vun de Neo-Nazien? Wousst ech net. Ech wousst mol net dass déi liesen kéinten.

    Am Fong ass main ‘politesch korrekt’ natiirlech zynesch gemengt.

    Naja, wann een sech beschwéieren oder falsch ophuelen wëll, kann en et jo maan ;)

  5. March 13, 2006 at 8:22 pm | #5

    Bei hinnen ass daat och zynesch gemengt, geint eben dei politesch Korrektheet vun hiren liberalen oder lenken Geigner. Et ged den Begreff awer och schon an daitschen brongen Blogs.

  6. March 13, 2006 at 8:35 pm | #6

    Egal. Ech loossen mer dach net vun sou Kreppelen eppes virschräiwen :)

    Merci awer fir den Hint.

  7. pa
    March 13, 2006 at 9:58 pm | #7

    Also dee Begrëff hun ech awer an amerikaneschen Medien an op Websäiten schon oft geliës an dorënner wor bestëmmt keen riëtsextreme Krepeng, wann ee vläit vun den Republikaner ofgesäit.

  1. March 13, 2007 at 9:46 am | #1
  2. March 12, 2009 at 9:12 am | #2