De Bopi mam laangen Baart.

Morgan FreemanSchöne, neue Welt! Meng Auer um Computer riets ennen wéist lo 05:37. Den Virdeel vun engem eegenen Blog ass, et brauch een net irgendwelchen Home Shopping oder die x-ten Widderhuelung vun GZSZ op der Tele ze kucken wann een net méi schloofen kann. Am Plaaz kann een seng fuerchtbar interessant Gedanken opschräiwen an der gesamter Mënschheet zur Verfügung stellen. Oder opmanst deem Deel deen Letzebuergesch versteht. Soll een jo emmer kleng ufänken.

Soit, zum eigentlechen Thema: Gott. Obwuel daat jo menger Theorie vum kleng ufänken widdersprecht, mee bon. Eiser Här, an Religiounen am Allgemengen, sinn jo an der Läscht nees relativ am Kommen. Op daat lo wéinst den Hären Bush an Blair ass déi mengen sie hätten en göttlechen Opdrag kritt fir bessen Krich ze spillen an ze wéisen waat fir gudd a clever Mënschen sie dach sinn, oder wéinst engem bayreschen Panzerkardinal deen lo Poopst ginn ass, oder och nach wéinst verschiddenen gescheiten Läit déi mengen sie missten Mohammed-Karikaturen veröffentlechen oder deenen nach méi gescheiten Läit déi mengen sie missten dowéinst alles nidderbrennen.

Gott, an ech schwätzen hei vun deem monotheisteschen deen mir sou kennen, soll also d’Welt an alles, mat eis Mënschen als Kréinung, erschaafen hunn. Ben, Respekt. Och wann et mech wonnert dass en supposéiert allmächtegt, allwëssend an exklusiv gudd Wiesen daat net besser sollt hinkréien! Waat en awer emmerhin selwer réaliséiert haat (Sintflut), och wann et duerno net besser ginn ass. Woubäi een sech natiirlech och froen kéint firwaat en allwëssend Wiesen esou en Experiment iwwerhaapt an Ugrëff huelen sollt? Gott misst dach schon éier en ugefaangen huet säin Otem ze hauchen aus deem Alles entstaan ass gewosst hunn wéi alles giff ausgoen. Firwaat also iwwerhaapt ufänken? Muss dach extrem langweileg ze sinn, alles emmer ze wëssen. Wou bléiwt do d’Spannung? Daat ass wéi wann een deen selwechten schlechten Film, zum Beispill Crossroads mam Britney Spears, emmer rem missen ze kucken. An kann Gott eigentlich iwwerhaapt iwwerrascht sinn oder ginn? Waat och rem interessant an Punkto allmächteg ass …

Ok, ok, daat ass alles bessen abstrakt. Kommen mer awer lo zudeem waat eis Läit sou erzielen déi behaapten sie hätten Gott verstaanen, oder nach besser, Gott giff zu hinnen schwätzen: Prophéiten, Religiounsgrënner, Paschtoueren oder och nach die sympatesch, awer liicht taddereg, Religiounsjofferen. Vir d’éischt mol: Ech kann nemmen jidderengem recommandéieren d’Bibel ze liesen. Opmanst die eischt puer Kapitelen am Aalen Testament (Sex & Crime, plus Gott als Zeus-Variant), d’Hohelied der Liebe (mat engem Text do giffen die uewen zitéiert Religiounsjofferen roud ginn, ech soen nemmen: ‘Ihre Brüste sind wie zwei Zicklein’) an och nach d’Evangelien (voller Kontradiktiounen an interessanten Detailer). Hätten se eis déi Kapitelen deemols an der Schoul ze liesen ginn, mir wieren net sou séier ageschloof.

Dës Läit also soen sie hätten göttlech Authoritéit fir eis ze soen waat gudd a schlecht ass, an firwaat alles ass wéi et ass. Bon, ech verstinn jo dass een daat muss maan well daat besser wierkt wéi: “Ey, Jongen, de Pier an ech hunn geduecht ët wier villäicht gudd wann een net méi all eischten vun Mount giff 10 Jongfraen opferen!” Mee op der anerer Säit muss een dann awer och koheränt sinn an och schwéier Froen können beäntwerten. Zumools wann een behaapt Gott wier wéi en léiwen aalen Bopi mat engem laangen wäissen Baart deen op all seng Kanner oppasst an se all d’selwecht gär huet.

Wéi zum Beispill:

Firwaat erzielt Gott jhust dir daat an firwaat hackt en sech nët einfach gläichzäiteg an all Sendung op der Tele fir säin Message lass ze ginn?

Wann Gott sou gudd ass firwaat ass d’Welt sou schlecht? Respektiv firwat léisst hien se sou schlecht?

Wann Gott an eist Liewen agreift, firwaat sinn den Hitler an den Stalin net mat 5 Joer gestuerwen wéi die kleng Kanner déi och dësen Moment nees am Sudan un Honger stierwen? Oder déi bei dem Tsunami emkomm sinn?

Wann Gott agreift an verschidden Läit him danken dass sie eng Katastroph, oder waat och emmer, iwwerliewt hunn, heescht daat net och dass hien dann logescherweis wellentlech die aner net gerett an stierwen gelooss huet? Wéi ass daat mat engem ‘all-good’ an ‘all-loving’ Gott vereinbar? Firwaat sollt Gott Partei ergreifen?

Wann Gott alles gesäit, firwaat kuckt en dem Leed nemmen no an gräiwt jo offensichtlech awer net emmer an? Als Mënsch kéint een do wéinst ‘non-assistance à une personne en danger’ ugekloot ginn.

Wann Gott eis tel quel aus Lehm konstruéiert huet, firwaat ass den mënschlechen Kierper net ganz perfekt? Woer daat die bescht méiglech Konstruktioun? Oder wie d’Englänner soen: If God is so smart, why do we fart?

An well keen vun deenen selbst-ernannten Stellvertrieder, oder Sproochrouer, Gottes mir dorobber en raisonabel Äntwert ginn konnten, bléiwen ech dach ganz skeptesch an sinn éischter iwwerzeegt dass alles mei oder manner Zoufall ass. Och wann ech natiirlech net ausschléissen kann oder well, dass ët méi gët wéi de Mënsch sou wëssen kann. Mee daat dann awer per definitioun schon ganz anescht ass wéi all die religieis Konzepter sinn dei d’Menschen sech sou am Laaf vun der Zäit gemaach hunn. Duerfir sinn ech och an engem gewëssen Sënn gespaant waat passéiert wann een stierwt oder doudass. Optimal, menger Meenung no, wier natiirlech wann een dann giff alles verstoen. Awer éier lo een mir den Site vun ‘SOS - Prévention suicide’ mailt: Keng Suerg, ech sinn zwar heiandso ongedëlleg an hektesch, mee fir déi Äntwerten ze kréien hunn ech awer nach Zäit.

Sou, eigentlech kéint een nach éiweg (haha) iwwert des Thema schwätzen, an ech wärt och wahrscheinlech eng Kéier op drop zereck kommen, mee lo ginn ech mech awer nach eng Kéier an d’Bett klaaken. Ass jo reischt 6:28. En hallef Stonn chillen geht nach.

Gudd Nuecht.

2 Responses to “De Bopi mam laangen Baart.”

  1. Pff, du Hertiker! Du athesiteschen Freveler!
    D’Welt ass vun HIM, dem allmächtegen Spaghettimonster erschaffen gin!
    RAMEN!

  2. Mmmh, Spaghetti. Ass nach fréi am Daag mee kréien schon rem Honger.

Leave a Reply