Happy hour mam Jesus.
March 18, 2006
6 comments
Ech mengen die ‘Pimp my church‘ Initiative vum Centre de Pastorale des Jeunes ass en effet d’Rettung vun der kathoulescher Kierch zu Letzebuerg. Hieren Programm op alle Fall klëngt verlockend. Dobäi fängt et nach lues un:
- Accueil
- Mettegiessen (5.- emmerhin, och d’Kierch muss spueren)
- Workshoppen (mat immens motivéierten Gutmënschen huelen ech un).
Mee dann wéi sou oft – desto méi spéit am Daag, desto méi lëschteg gët et:
- Jugendmass “Jesus unplugged” (also ass den Big J live on stage oder wéi?)
- Concert vun den Gentles (hey, net meckeren: et soot keen ët wier liicht e gudden Chrëscht ze sinn!)
- Happy Hour (kritt een do 2 Schluppen aus dem Kellech fir den Präis vun enger? oder een Gebied neutraliséiert 2 Sënnen gleichzäiteg?)
Categories: Luxembourg, Religion/Philosophy

Rezent Kommentarer