Happy hour mam Jesus.
Ech mengen die ‘Pimp my church‘ Initiative vum Centre de Pastorale des Jeunes ass en effet d’Rettung vun der kathoulescher Kierch zu Letzebuerg. Hieren Programm op alle Fall klëngt verlockend. Dobäi fängt et nach lues un:
- Accueil
- Mettegiessen (5.- emmerhin, och d’Kierch muss spueren)
- Workshoppen (mat immens motivéierten Gutmënschen huelen ech un).
Mee dann wéi sou oft – desto méi spéit am Daag, desto méi lëschteg gët et:
- Jugendmass “Jesus unplugged” (also ass den Big J live on stage oder wéi?)
- Concert vun den Gentles (hey, net meckeren: et soot keen ët wier liicht e gudden Chrëscht ze sinn!)
- Happy Hour (kritt een do 2 Schluppen aus dem Kellech fir den Präis vun enger? oder een Gebied neutraliséiert 2 Sënnen gleichzäiteg?)
Et huet mech emmer gewonnert dass d’Kierch sech net besser verkaaft huet. Mat dem richtegen Marketing an enger gudder Agence de pub kéint een do verdéiwelt (haha) schick Kampagnen maan. Domadder hätt se zwar net wirklech eppes un hierem eischter langweilegen Basisprogramm geännert, mee wéinstens wier se mol nees opgefall. Glecklecherweis huet sie et net gemaach an dümpelt dofir weider am Abseits, mol vun e puer Läit an Wollpulloveren déi gären Gitarrespillen oofgesinn.
Mee “Pimp my church”? Wëssen déi iwwerhaapt wou d’Wuert pimpen hierkënt? Vun Pimp, Zouhälter. Well déi sech, hier Autoen an hier Meedercher emmer sou bëlleg, kitscheg opgemotzt hunn. Passt en effet vun der Thematik hier gudd bei d’Kierch. An deen néien Popst deet jo och gären fesch Mutzen an cool Sonnebrëller un. A wann mer schon beim Pimpen sinn: ech giff d’Massendënger duerch d’Pussycat Dolls ersetzen, die haart Still duerch gemittlech Fotellen, d’Hostie duerch en Steck Pizza an d’Auerzäit vun Sonndes Moies op Sonndes Mettes no der Formel 1. Dann, awer och nemmen dann, giff ech villäicht mol rem an eng Mass goen.
Ah jo, an gratis W-LAN wier och net schlecht.
Gin der voll a ganz Recht. Mee ech géing och net Sonndes mettes no der Formel 1 an eng Mass goen.
As jo schon gutt dass dir op d’Kierch opmierksam gi sitt.
tatsächlech sin hir public relation manager net emmer op der héischt (lo sou iwert déi lescht 500 Joer gekuckt).
Mee d’Kirch as eng gutt a sënnvoll Institutioun. Et wir gutt wann se rem géing un Akzeptanz gewannen.
A gewessen Moossen huet se duerch aus Sënn an ass net nemmen schlecht. Daat ass richteg. Mee wann se eng Monopol-Stellung huet, an daat ass jo waat se wëll, dann ass daat keng sou eng gudd Iddi.
Monokulturen sinn seelen gudd.
Ech mengen net dass eis Kirch eng Monopolstellung wëll. D’kathoulesch Kirch as zimlech tolerant an op. Grous Deeler vun eiser Gesellschaft sin net op genuch fir dës Änerungen (wëllen) ze erkennen.
Ok, wanns de mengs
Villäicht sin ech net gudd genuch fir déi kathoulesch Kierch, an meng ganz Rei un homosexuellen Frenn blenden meng Siicht virun der grouser Wuerecht, mee ech well keen Deel vun där Kierch sin.
Soulaang eng Institutioun öffentlech emmer nees bekräftegt wéi mannerwerteg meng Kolleegen an Frendinnen dach sin, well ech näischt mat deenen ze din hun, (anerwärts och net, ech gesin mech éischter als Agnostiker, mee dann kéinnt ech d’Kierch wéinstens akzeptéiren) an ech jäizen all Kéiers nees haard op wann géint mäi Frendeskrees schwätzt. Déi Ännerungen déi d’kathoulesch Kierch well, leenen ech mat vollem Härz of!