Blondes Gift.

Erstaunlech wéi ënnerscheedlech gewëss Aktiounen dach können bewert ginn.

Hei hunn mer den Fall vun enger 23 Joer aaler Prof déi ugekloot ass en 14-jähregen Schüler sexuell mëssbraucht ze hunn Sie sollen en am Auto, an engem Klassesall an bei hier doheem gedriwwen hunn. Daat ass jo och definitiv net normal an die Fra muss jo emotionell, an sexuell, eng Retsch Problemer hunn. Allerdengs ass d’Kloo lo faalen gelooss ginn. Waat keen weider ze picken schëngt. Am Géigensaatz zu wann eng 14-jähregt Schülerin vun hierem Prof messbraucht ginn wier. Deen wier fir Joren agespaart ginn. An zu Recht. En plus hätten déi meescht nach gewollt dass en giff kastréiert gin. Hätt em och näischt geschuet.

Mee hei soen die meescht (zumools Männer) sech wuel: Wou ass den Problem? Die Prof huet en plus net wirklech schlecht ausgesinn an waat fir en 14-jähregen Tip haat/huet net die Phantasie vun senger sexy Prof verféiert ze ginn? Also woer keen Opfer am eigentlechen Sënn do: am Fong haat den Tip d’grouss Lous gezunn an seng Kollegen sinn bestemmt jalous op hien.

Obwuel den Ennerscheed Schüler-Schülerin kloer ass, ass en awer irgendwéi krass.

12 Responses to “Blondes Gift.”

  1. A genau déi Fantasie vun der “sexy Proff déi de Schüler verféiert” huet d’Proff konnen ausnotzen. De Jong zwar vläit net phsyesch messhandelt gin, mee dofir awer psychologesch. Opfer bleiwt Opfer. Soss kennen mer och higoen an soen déi Leit déi ennert dem Stockholm Syndrom leiden si keng Opfer méi.
    Déi menschlech Moral ass iergendwéi krank.

  2. Ech froen mech op deen Jong grousses dogeint hat dass seng Prof hien verfeiert hat? Ech mengen deen jong hat 14 joer, ass also nach an der Puberteit an an engem alter wou sech sexuell fantasien entweckelen dei een och ausliewen well. Soen mer mol sou, wann net seng Prof dann waer et seng Frendin oder soss iewengeen gewiecht.

  3. Dat däitscht Gesetz seet dozou zum Beispill:
    § 174 StGB
    Sexueller Mißbrauch von Schutzbefohlenen
    (1) Wer sexuelle Handlungen
    1. an einer Person unter sechzehn Jahren, die ihm zur Erziehung, zur Ausbildung oder zur Betreuung in der Lebensführung anvertraut ist,
    2. an einer Person unter achtzehn Jahren, die ihm zur Erziehung, zur Ausbildung oder zur Betreuung in der Lebensführung anvertraut oder im Rahmen eines Dienst- oder Arbeitsverhältnisses untergeordnet ist, unter Mißbrauch einer mit dem Erziehungs-, Ausbildungs-, Betreuungs-, Dienst- oder Arbeitsverhältnis verbundenen Abhängigkeit
    (…)
    vornimmt oder an sich von dem Schutzbefohlenen vornehmen läßt, wird mit Freiheitsstrafe von drei Monaten bis zu fünf Jahren bestraft.

    Dat amerikanescht ass garantéiert net vill anescht (hun ech lo awer leider net fonnt), an déi Proff huet eben genau dat gemaach: si huet de Jong verfouert. Wahrscheinlech hat den Jong näischt dogéint, MEE 1. hat en wuel schon kaum grouss Erfahrungen, 2. war d’Proff sech ganz sécher bewosst, dass se den Jong verféiert an dass et illegal ass. Sex mat senger gläichaltreger Frendin wier souwäit ech wees och illegal (Sex enner 16 ass verbueden wann ech richteg informéiert sin, just dass bei sou Saachen normalerweis keen eppes seet. Mee wann deen een Partner gehässeg Eltren huet…).

  4. Ech geing mech, demno wien, net messbraucht fillen. Pardon. Dat wor onqualifizeiert.

  5. Onqualifizéiertes ass hei wëllkomm! ;)

  6. wie wahr, wie wahr dein text do..

  7. Hey ech wollt hei zou onbedengt nach een kommentar oofgin
    ma ech fannen och dass dei proff einfach geleigenheet ausgenotzt hues. Och wann de Jong domat averstaanen waar, sie ass awer eng pedophil
    Ech kennen een ähnlechen Fall, do waar de Jong reicht 9 Joer aal an fir hien waar et selbstverständlech fir sou saachen mat enger eelerer Persoun ze maachen, well hien et net aanescht gewinnt waar, ech fannen et kann een do op jidefall emmer vun enger sexueller Belestegung schwetzen, sou laang dei Persoun sech senger situatioun net richteg bewosst ass

  8. @silvana: ech gin der absolut Recht dass et en Mëssbrauch ass wann Kanner zur sexuellen Befriddegung vun perversen Erwuessenen benotzt ginn. Deen Jong vun 9 Joer do konnt jo guer net wëssen waat ‘normal’ ass an waat net, wann en nie eppes anescht kannt huet!?

    (Ech fannen et och zb doutéis wann Fraen hieren Kanner nach mat 2 oder 3 Joer d’Broscht ginn ….)

    Allerdengs gesinn ech d’Saach e bessen anescht wann den Jong der schon 14 ass oder sou. Et ass nach emmer net richteg dass die Prof en verféiert huet, reng och schon vun der Responsabilitéit par rapport zu ‘Schutzbefohlenen’, mee op der anerer Säit wees ech jo selwer wéi een an deem Alter sou denkt an phantaséiert duerfir main Kommentar dass die meescht Tippen eischter jalous op deen Jong sinn (zumools seng Prof jo och net ellen woer) wéi dass se en bedaueren.

    Mee natiirlech ass den Jong seng Astellung dozou daat wichtegst an et wier net gudd wann en duerch die Aktioun do en psycheschen Knack kritt hätt …

  9. Hallo
    merci fir deng mail
    ma ech kennen nach sou ähnlech fäll, waat hells du dann dovun, dass eng mamm sein kannt nach mat 16 joer an da buedbidden iwerall wäscht, an deen Jong ass gesond, hien ass just ze lidderesch fir et ze man
    Ech fannen daat voll schlemm, daat ass net normal, an ech mengen bei der fra ass och eppes locker, dass sie daat och nach zouleisst…
    Waats du soos, dass du daat giffs schlemm fannen, wann eng mamm sengem Kand nach mat 2, 3 joer broscht gett, do kann ech soen, dass et och vun verschidden saachen oofhenkt, well ech kennen z.B eng fra, dei hierem kand nach mat 4 joer broscht gin huet, mee well sie extrem aarm waaren, sie haaten naicht ze iessen, naicht ze drenken an do fannen ech ass daat nach ze verzeien
    majo wollt daat nach kurz heizou schreiwen :)

  10. Ok …

  11. deen bouf soll frou sin dass en dei tata do konnt plätten!!

  12. Fannen ech och ;)

Leave a Reply