Savants.
Et muss een ët jo zouginn, op der Tele kënt net nemmen Schrott. En gudd Beispill ass eng Serie die momentan op der ARD gewiesen gët: Expedition ins Gehirn. Aner Läit können daat saulatzeg an faul fannen, mee mech faszinéiert daat menschlecht Gehiir. Wéi ët fonktionnéiert, wéi ët eis ticken léisst, wéi een ët awer och beanflossen kann, zu waat ët fäheg ass wann een sech es bewosst gët, d'Komplexitéit un sech asw.
Zereck zu der Serie: Un Hand vun 'Savants', fréier och 'Savants idiots', genannt, gët gewiesen zu waat fir spektakulären Leeschtungen daat mënschlecht Gehiir an Ausnahmefäll fäheg ass. Meeschtens awer och zu engem Präis. Iwwer 50% vun den Savants sinn Autisten, sou dass sie zwar op hierem Spezial-Gebidder absolut iwwermënschlech sinn, mee trotzdem bei aneren, fir eis absolut banalen, Saachen komplett anhänken. Déi, die net autistesch sinn, haaten hierersäits meeschtens irgenden Accident deen hiert Gehiir punktuell geschiedegt huet. Waat am Fong daat Paradoxt bei der Saach ass: ereischt well verschidden Funktiounen ennerdrëckt oder ausgeschalt ginn, können die aner zu hierem Maximum oplaafen. Erstaunlech ass och dass verschidden Läit no hierem Gehiir-Schued op eemol eng extrem kreativ and artistesch Oder kréien, déi se virdrun net haaten.
Eischter mathematesch Savants:
- Kim Peek - den Original 'Rain Main', verhällt alles waat en eng Kéier gelies huet (Texter, Zitater, Sportsresultater, Postcoden, Telefonsnummeren, historesch Daten), huet iwwer 7000 Bicher gelies an kann opsoen waat dransteht.
- Daniel Tammer - kann Pi bis op die 22514ten Stell opsoen, kann an manner wéi enger Minute 37 héich 4 rechnen (1'874'161), huet an 7 Deeg Islännesch geléiert.
- Brittany Maier - 16 Joer aal, kann iwwer 15.000 Musek-Stëcker spillen, die meescht dovunner huet et jhust e puer Mol héieren.
- Matthew Savage - 13 Joer aal, professionellen Jazz-Pianist, schräiwt seng eegen Stëcker, éischt CD mat 7 Joer opgeholl. Muss een gesinn an gelauschtert hunn.
- Alonzo Clemons - als Kand woer en net fäheg seng Schong ze strëcken oder alleng z'iessen, mee lo kann hien an 20 Minutten aus engem Stëck Lehm just mat sengen Fangeren an Fangerneel all Déier nomaachen waat en gesinn hunn. An wann ët nemmen vun enger (2D!) Foto ass oder engem Standbild op der Tele. Trotzdem muss en bei alldeeglechen Saachen emmer betréit ginn.
- Stephen Wiltshire - eng lieweg Kamera. Alles waat en eng Kéier gesäit kann en henno bis an den klengsten Détail nozeechnen. Am Reportage sinn se mat him iwwer Roum geflunn, wou en nach nie woer, duerno huet en innerhalb vun 3 Deeg eng Panorama-Zeechnung gemaach wou bis op den Niveau vun wivill Fensteren an de Gebéier woeren quasi alles gestëmmt huet.
Mee reischt wann een se op der Tele gesäit, gët engem richteg bewosst wéi komplett verrëckt an kaum ze gleewen daat ass.
Sou, muss lo ophaalen. Setzen mech lo mat mengen Schlappen a mengen Chips mol rem virun Tele. 'Lenssen und Partner' fänkt un.
Daat woer natiirlech e schlechte Witz. Wann ech eng Sendung haassen, dann ass et déi. Argh.
Filed under: Gesellschaft, Wëssenschaft
Ech mengen ech hat déi sendung do och gesin. op jiddfer fall eng wou et em den steven wiltshire gaangen ass. ech wor einfach platt wou ech dat gesin hun. wann ech mer et leeschte kéint, géif ech mer e puer originaler vun him zouléen.
[...] Ech haat jo schon eng Kéier iwwer Savants geschriwwen, hei ass lo en Video vum Stephen Wiltshire, der ‘menschlecher Kamera’: hien flitt mat engem Helikopter iwwert eng Staad déi en nach nie sou gesinn huet an mol dann während e puer Deeg aus dem Gediechtnis eraus waat e gesinn huet. An daat quasi perfekt. Spektakulär. [...]