Mol eng Kéier wou eist Viviane eng gudd Iddi huet:
Europa wird Inland: Auslandsgespräche sind für Mobilfunkanbieter bisher fast eine Lizenz zum Gelddrucken: Für das "Roaming" bitten sie kräftig zur Kasse. Das soll bald vorbei sein, wenn es nach EU-Kommissarin Viviane Reding geht: Bis zum Sommer 2007 soll aus der EU auch mobil ein grenzenloser Binnenmarkt werden.
Eischtens ass et nemmen logesch (entweder Europa ass een Maart oder net) an zweetens hunn d'Telefonsfirma'en sech laang genuch eng gëllen Nues domadder verdëngt. Keen Wonner dass se lo meckeren. Mee dann sollen se halt e puer Klingeltéin méi un irgendwelch Kanner verkaafen. Oder sou.
Filed under: Gesellschaft

Ech fannen dat Konzept einfach mega! Mol eemol eng genial Idee vum Reding.
Wou bleift do de Pendant beim Festnetz? Ech hätt gär ++2 als Vierwahl fier d’EU.
Oder besser: ++352 haha
Schaiss Liberaliseeirung. Ech gesin et scho kommen: “D’post muss 500 Leit entloossen well d’auslännesch konkurenz zevill belleg ass”
An deng Léisung wier?
En plus geht et jo drem dass den Roaming méi bëlleg gët. An ech hunn näischt dogéint wann ech an D oder F net méi muss x cents/min bezuelen jhust well ech do ugeruff ginn oder muss heem uruffen!
Villäicht ass dat jo d’Léisung, t’ass Post endlech mierkt dass se nemmi kennen mat deem Schäiss weiderfueren deen se zanter Joëren bauen. (Ass lo net spezifesch op Handyen bezunn).
OT: kennt hei schon een http://www.youz.lu ? “Super, gell?”
jo, richteg, supercool ………………….
mee emmerhin besser präsentéiert wéi den kiss.lu!? ass deen hieren Webmaster en ADSler op Entzuch?
op der anerer Säit sinn ech och keen hyperaktiven 14jähregen, also och net d’Zielpublikum an duerfir keng Referenz waat d’Efficacitéit vun deenen Siten ugeht.
Kiss.lu: OMFG
Youz.lu: Deen Numm ass e bessen vill bescheuert, mee ech fannen den Design vum Site awer schéi propper. Ech froen emch just wat dat gett mat deem “My Blog”. Wann dat sou weidergeet gi mer mat lauter schlechte Kopien vu Blogger geploot. :S
MyBlog wärt einfach eppes à la party.lu oder hot.lu ginn huelen ech un.
Oh Gott
(Ech fannen leider keng Email adress, dofir verzeih mer w.e.g. dass ech d’Kommentarer lo dofir benotzen: deng Auer ass nach net emgestallt ;))
Bei KISS kann een och schon säit längerem Bloggen. Tschö, do huet Tango awer eppes verpasst!
Thierry: daat mat der Auer wärt sinn, well ech deen Gratis-Account bei WordPress.com. Sie kemmeren sech em die technesch Detailer …