Hei en klengen Filmtipp fir Läit deenen 'Hero', 'Crouching Tiger, Hidden Dragon' and 'House of Flying Daggers' gefall huet:
The Promise (HD auswielen!)
Ech hunn natiirlech keng Ahnung winni, an op iwwerhaapt, dësen Film zu Letzebuerg rauskënt. Mee den Trailer ass en visuellen Héichpunkt. Bléiwt natiirlech wéi emmer den Risiko dass den Film selwer, resp. d'Geschicht, net mam Trailer mathaalen kann. Mee bon, et ass den Versuch wärt.
Besser wéi den Duerschnetts-Hollywood Film wärt en op alle Fall sin.

Hm bessen zevill Liebesfilm. Mee soss gesäit awer no engem propperen asiateschen Film aus
Waat ass géint e gudden Liebesfilm anzewenden? Et muss een jo net emmer zynesch sinn!
Wann en dann wierklech gudd ass, näischt.
Mee ech sin nach emmer Titanic geschiedegt, dat ass een Trauma dee kréien ech ni méi verschafft. 