Hei woer keen Photoshop am Spill. Daat ass eng reel Reklamm fir eng Episode vum Oprah Winfrey.
Die Amerikaner mussen och emmer laachen oder grinsen! An die Flaamen am Hannergrond sin och ganz subtil. Net ze gleewen …

Filed under: Gesellschaft, Medien

oh fuck. mir fehlen d’wieder….très krass.
Wahrscheinlech wessen vill vun sengen Zuschauer net mol waat Auschwitz war/as.
Fannen ech net gudd daat do. Hoffen mer dass et daat besser dokumentéiert an der Sendung, wéi déi Werbung do unhuelen léisst.. *kapp resel*
Ech ennerstellen dem Oprah mol dass seng Intentioun guer net vu schlechtem Wëllen ass. Mee die Emsetzung, an an deem Format, ass allerdengs definitiv krass.
Op der anerer Säit kréien sou vill Amerikaner iwwerhaapt eppes dovunner mat. Well ween kuckt do schon den History Channel oder den Discovery Channel?
Als Gäscht kommen dann bestëmmt déi fein Meedercher vun Prussian Blue.
Genau. Die blond Nazi-Schecksen déi Schnéimännercher mat Hitler-Schnautz bauen. Raatendomm! Mee daat schlemmst ass, hinnen selwer kann een mol keen Virworf maan, mee die Elteren gehéieren agespaart.
Dito.
Gëtt ëtt eigentlech iergendeng Méiglechkeet, fier hei an Europa (genau gesot Lëtzebuerg) Ami-TV ze empfänken?
Sou direkt mengen ech net. Mee verschidden Serien an sou fenns de jo den Daag drop um Netz … allerdengs wärten wuel kaum all Talk-Showen gedivxt gin? Obwuel, wees een nie.