100 awesome music videos.
Posted on June 21, 2006 by strawdog
Eng Lëscht vun 100 Musikvideo'en bei YouTube. Vun wirklech gudd bis extrem schlecht.
Bei dësem Beispill hei konnt ech mech nach net décidéieren an waat fir eng Kategorie en fällt …
Vum Lidd selwer schwätzen ech elo mol net, dat géing mech wahrscheinlech dozou bréngen meng Stereosanlag zur Fenster rausgeheien.
Technesch Emsetzung ass vläit gudd fir déi Zäit, mee vum kenschtlerechen Standpunkt aus ass de Video miserabel. Also definitiv gelaaf war et fir mech wéi den Hasselhoff ugefaangen huet mat fléien an dunn zwee Meedcher als belleg Engelen koumen. An dat Gehopps mat sengem Indiana Jones Look… oh Gott nee! An dee Schluss… Hellef!
ech fannen deen gail
sou richteg trasheg.
Deen Video ass dach exzellent! Sou schlecht dass en nees gudd ass
Eigentlech wollt ech méi schreiwen, mee vue que dat ech während dem Video op meng Tastatur hu missen katzen maan ech et aus hygienëschen Grënn léiwer net.
hmmm…dat beispill trëfft esou just awer och nët mäin verständnis vun “awesome”
d’original vum lidd ass cool
Do sin nawell ë puër flotter dobäi. Kuckt iech mol op der 3. Säit deen vun den Decemberists un
Dee vun Kraftwerk wirkt zimlech surrealistesch.
Vitalic mat Poney ass faszinéirend.