
Duerch en Artikel am Spiegel drop opmierksam gin, hunn ech mer desläscht en faszinanten Documentaire op DVD kaaf: Long Way Round.
2004 haaten den Ewan McGregor (Trainspotting) an säin Kolleg Charly Boorman eng 20.000 Meilen Rees op hieren Motoen gemaach: vun London aus östlech op New York, duerch enner aanerem Kasachstan, Russland and Mongolei. Begleet gouffen se vun engem Kameramann deen daat Ganzt filmesch festgehaal huet, an sie selwer haaten och eegen Kameraen, mobiler an am Helm agebautener. D’Resultat sinn 10 Episoden à 45 Minutten an ass definitiv kuckenswert wann een sech opmanst e bessen fir sou Expeditiounen (an d’Préparativen dofir) interesséiert.
Déi eischt zwee Drëttel (an Osteuropa an Asien) sin allerdengs definitiv méi interessant an spannend wéi den drëtten (Kanada an USA). Waat natiirlech dodrun läit dass d’Situatiounen wesentlech mei skurril sinn, d’Läit ganz anescht liewen an och keen Englesch können an duerfir alles e bessen méi komplizéiert, mee och extrem schéin, ass. Grandios sin Episoden wéi déi wou se vun irgendengem Russ deen se zoufälleg begéinen invitéiert ginn bei him ze schloofen oder wann se bei Nomaden am mongoleschen Nirgendwo z’iessen kréien! Allerdengs gesäit een an aneren och wéi haart, an zum Deel och verrëckt an geféierlech, die ganz Aktioun woer. Zumools op der ‘Road of Bones’ an Sibieren! Do ass dann och à la limite e bessen vill Gejéimers, mee sie zéien ët duerch. An generell léisst den Humor vun deenen zwee een emmer rem haart laachen.
Ech giff der DVD 8/10 Punkten gin.
Filed under: Film, Gesellschaft, Medien

firwat géifs de? maach et dach einfach
ech kucken mer dat dann mol un.
Ok, dann gin ech déi Punkten och wirklech!
Niewenbäi bemierkt: D’Bonusmaterial ass och ganz interessant.