Analphabeten.

Huet een vun iech zoufälleg desläscht eng Kéier den Videotext vum RTL gelies? Mäin Lëtzebuergesch hei ass jo och net emmer 100% korrekt, mee waat déi do schreiwen ass definitiv ennert aller Sau an komplett lächerlech. Et giff een jo mengen eis gréissten Chaîne kéint sech en Spellchecker leeschten … Stell een sech mol nemmen fir den Videotext vun der ARD wier voller Schräiwfehler!? Mee bon, d’ARD huet op hierem Site och keng Speckfotoen vum Yves Kortum, haha. Souvill zum Thema RTL a Qualitéit.

Soit, no laangen Recherchen hunn ech allerdengs eng Photo vum Auteur vun den Texter am RTL Videotext fonnt:

monkey

3 Responses to “Analphabeten.”

  1. Ech fannen dat zwar eng krass Beleidegung fir deen armen Aaf, sou domm ass dee bestemmt net! :)

  2. Stemmt och rem!

    Allerdengs muss ech och mol kucken op ech net eng Foto vun dem Aaf fannen, deen emmer den Nol op de Kapp mëcht … Schaffen anscheinend eng ganz Retsch bei RTL :)

  3. Mäin Fernseh huet iergendeng Fehlfunktioun, ech kann emmer nemmen Säit 100 kucken :(

Leave a Reply