666.
Posted on August 22, 2006 by strawdog
Die 666. Schueberfouer. Uhuhuhuuuu … muss een lo färten?
Fléien lo d’Weenercher aus den Gleisen? Erwaachen d’Monsteren an der Geisterbahn zum Liewen? Forméieren d’Hamburger sech zu Mega-Killer-Frikadellen an zappen eis all mam Kapp fir an de Ketchup? Froen iwwer Froen. Mir sin gespaant. An dir gidd natiirlech op dësem Site iwwer all paranormal Evenementer op der Fouer um Laafenden gehaal.
Filed under: Luxembourg
“Fléien lo d’Weenercher aus den Gleisen?”
Haaten mir alles schon.
“Erwaachen d’Monsteren an der Geisterbahn zum Liewen?”
Nujee, wann een owes spéit iwwert d’Fouer trëppelt, kann engem deen Gedanken bäi verschidden Gestalten schon kommen
“Forméieren d’Hamburger sech zu Mega-Killer-Frikadellen”
Mach, dass keen Hamburger dech héiert…
Meng Handynummer fänkt och mat 666 un. Flitt dowins lo mäi Weenchen aus den Gleisen AN ech gin vun engem Hamburger opgefriess?