A soss geht et?

Eng Illusioun bléiwt eng Illusioun. Wann een sech ze dëck fënnt, dann soll een aktiv eppes dogéint maan. Net einfach just sou en Photoapparat kaafen … D’Wourecht kënt jo dach irgendwann raus.

Kreativ.

Den Ahmadinedschad ass zwar mätsch, mee en huet heiandsdo originell Ideen. No där fir Israel an Polen ze verplanzen, huet en lo en TV-Duell teschent him an dem Dubbelju ugereegt. Natiirlech seet deen net zou, enner anerem well en léiwer virun ausgewieltem, zenséierten Publique optrëtt, mee kucken giff ech ët direkt.

Gudd Nuecht.

Bis lo haat ech jo geduecht de Vatikan hätt wéinstens heiandsdo nach (erstaunlecherweis) e bessen Verstand an wier net sou komplett oofgedréint wie verschidden evangelesch Sekten (sou soot den JP2 jo dass d’Evolutioun net inkompatibel mat engem Schöpfergott wier). Schengt wéi wann ech mech ge-iert haat:
Philosophers, scientists and other intellectuals close to Pope Benedict will [...]

Emmer rem gudd.

Nei Apple Reklammen.