Osamas Alptraum.

Interessanten Artikel. Ech woer d’läscht Joër do an et ass einfach KOMPLETT MÄTSCH! Ech sin gespaant wéi et die nächsten Joeren weidergoen wärt an op daat Ganzt net awer eng Kéier implodéieren an sech als Fata Morgana rausstellen wärt.

dubai.jpg

4 Responses to “Osamas Alptraum.”

  1. Ech hat eng Kéier geliest, dass déi superedel Luxushoteler sech nët rechnen. Dofir gin ech dovun aus, dass wann bis keen Ueleg méi do ass, si rëm schnell mat Kaméilen doremmer rennen wärten.

    Ech kéint mir eng Vakanz an esou engem Land souwisou nët virstellen. Ech hätt ëmmer en ongudd Gefill…

  2. Du muss de ganzen Artikel liesen! ;)

    D’Economie vun den UAE ass momentan just nemmen nach 6% vum Ueleg oofhängeg! Daat woer jo der Maktum-Famill hier Strategie vun Ufank un: Erfolleg onoofhängeg vum Ueleg.

    Waat daat anert ugeht: Du kanns och op London goen an do gesprengt gin …

    An d’absolut Majoritéit vun den Läit do ennen, zumools och am Oman niewendrun, sin awer frendlech. Bessen aner Usiichten wéi mir an Bezuch op Mariage, Fraen, etc. Mee awer usech friddlech. Déi wellen och just hiert klengt Liewen liewen. Sou wéi mir.

    D’Extremisten gesinn daat natiirlech anescht. An et brauch een därer net vill fir Schäiss ze bauen.

  3. Hat déi zweet Säit wierklech nët gesin :-)

  4. Et kléngt no enger intressanter, allerdengs och extrem zwiespälteger Staat. Op der enger Säit de puren Luxus an een Héich op de Kapitalismus, op der anerer Säit ee Proletariat dat elo schon un der Armutsgrenz liewt. Wann et elo schon Opstänn vun den Arbeschter gin, wéi geet dat dann an den nächsten Joëren weider?
    Beägnstegend ass firun allem, dass déi bin-Laden Grupp finanziell déif an den Opbau vun der Staat verstréckt ass.
    Eng richteg globaliséiert posturban Staat kléngt zwar cool, an déi architektonesch Projeten sin extrem impressionant, mee ech si net der Iwwerzeegung, dass déi Staat kann op enger kapitalistescher Basis laang existéiren.

Leave a Reply