Google Reader.

Bis elo woer ech jo komplett vun Bloglines iwwerzeecht fir meng RSS Feeds ze géréieren. Mee zenter der neier Versioun vum Google Reader hunn ech lo en neien Favorit. Exzellenten Web-RSS-Reader!

Ween net wees waat en RSS Feeder ass deen kann sech jo den Video op der Säit ukucken.

6 Responses to “Google Reader.”

  1. Ech verstin den Senn éierlech gesot net vun webbaséierten RSS Readers. Ech hun all meng Feeds an menger Safari Bookmark Bar organiséiert, an wann iergendwou eppes neies ass, weist en mer dat direkt un. Ähnlech wéi Firefox eben, just dass ech den Feed selwer ka liesen ier ech op d’Säit gin, spuert en plus nach Luedezäit well ech just en kuerzen Resumé vum Artikel ugewisen kréien a wann et mech net intresséiert, loossen ech et sin a surfen weider a wann dach lueden ech halt déi richteg Säit. Mee nujee, jedem das Seine, ech hun eben alles gären direkt am Iwwerbléck ouni mussen awer nach emmer rem op eng Internetsäit kucken ze goen wéi Google oder Bloglines op iergendwou eppes neies opgedaucht ass. :)

  2. Den Virdeel ass haaptsächlech dass de vun egal waat fir engem PC drun kenns. Waat ech definitiv praktesch fannen.

  3. och ganz flott: netvibes. all in one fir rss, allmeiglech ajax geschichten, abannen vun gmail, writely etc. top geschiir

  4. en effet, gesäit och gudd aus.

  5. Ech schaffen mam Rss-Reader vum Thunderbird, dat klappt tip top. Wann een natirlech öfters op aneren PC’en schafft, ass en Web-Service virzezéien.

    Lo weess ech och vun wiem déi vill Ufroën per Bloglines kommen ;-)

  6. Änder: Hehe, mee lo missten se jo dann awer vum Google Reader kommen … ;)

Leave a Reply