Passion of the Mel.

Deen ass definitiv, psychologesch gesinn, net méi ganz gudd an huet irgendeppes an sengem Liewen net ganz verdaut. Wahrscheinlech säin Papp …

An dann geht en sech op der Tele selwer zerfleeschen an schengt daat och nach gudd ze fannen. Mee sech ze ‘opferen’ ass jo souwiesou en Thema waat hien staark interesséiert (’Mad Max’, ‘Braveheart’, ‘Passion of the Christ’, ‘Apocalypto’) …

Nujee, soulaang en nët strack ass kritt en seng Dämonen jo méi oder manner bewältegt. Also wärt en jo su clever sin an d’Fangeren dovunner forthaalen. Oder och net.

4 Responses to “Passion of the Mel.”

  1. Ier ech de Video gekuckt hun ech mer geduecht et ass nemmen eng PR Aktioun fir dass d’Leit ophaalen en ze vernennen an tatsaach kléngen seng éischt Argumenter och zimlech aliichtend à propos wéi een rem zeréck an den Alkoholismus fällt etc. Mee iergendwéi verrennt sech dann selwer. Ok, et verléiert een d’Kontroll iwwert seng Handlungen wann ee besoff ass, mee wéi voll muss ee Mensch sin, dass en ee Polizist freet op en ee Jud ass, einfach sou ounin ersichtlechen Grond? Wann en em lo soss iergendwelch Frechheeten un den Kapp geworf hätt, kéintn ech et verstoen, mee sou Akkusatiounen wéi dass d’Juden un alle Kricher op der Welt Schold sin kommen net nemmen vum Alkohol imho. Och wann hien dat sou behaapt - me dat muss en jo, wéi stéing en soss do…

  2. Ech fannen hien als Schauspiller immens, dofir ass et och Schued, dass hien sech selwer elo esou drop mecht.

    Et anstännegen Fouss an den A**** géif vläicht hellefen?

  3. Jo, als Schauspiller ass en relativ gudd. En behaapt jo emol déi global Demtegung wier dat gewiecht wat e gebraucht huet fir sech um Rimm ze rappen. Hoffen mer dass et stemmt…

  4. Wetten dass en reckfälleg gët?

Leave a Reply