Big mover.
Posted on October 16, 2006 by strawdog
Clever! An gesäit cool aus. Haaptsächlech wann en säin ganzen Stall dréit, haha. Sou mëcht Physik Spaass.
Op allerdengs Stonehenge wirklech sou gebaut gouff steht op engem aneren Blaat. Zumools se jo och deemols net grad iwwerall glaaten Beton als Surface haaten (weder um Buedem nach op de Blëck selwer). Mee trotzdem impressionnant als Method.
An emmer rem erstaunlech waat rauskënt wann een säin Gehiir gescheit benotzt.
Filed under: Architektur, Geschicht, Video
…wann een säin Gehiir gescheit benotzt…
D’Physik ass jo nët eréischt gëschter erfonnt gin. Esou Saachen wéi se am Clip gewisen gin, sollt eigentlech all Mensch kënnen. Muss dofir jo nët onbedengt studéiert hun.
Mä leider leeft bäi eis hautesdags ouni Maschinnen guer näischt méi. Natirlech sin Maschinnen néideg, mä d’Wëssen, esou eppes ouni modern Technik ze machen, geet bäim Gros vun den Leit ëmmer méi verluer.
Jo, natiirlech ass daat lo näischt SOU spektakuläres usech. Mee et theoretesch ze wëssen oder ze verstoen an et praktesch uzewennen, zumools ganz alleng, sinn och rem zwou Saachen. An duerfir Respekt fir den Tipp.
An et vergësst een awer leider och oft sou ‘évident’ Saachen … an dann staunt een an freet sech wéi die ‘Blaanien fréier’ daat alles maachen konnten!
mail mir mol deng email un
thorben.grosser at gmail punkt com
thorben: ok, hunn ech gemaach.
an déi ass keen Geheimnis usech: useless punkt address at gmail punkt com