De Raoul.
Posted on November 28, 2006 by strawdog
D’Sécurité Routière bombardéiert een um Radio grad rem mat dësem grandiosen Spot:
Du hues zevill gedronk? Dann looss dech vum Raoul heemféieren. Well hien huet e kloren Kapp.
Daat ass jo fein, mee wees een wou ech deen ominéisen Raoul untreffen kann wann ech en brauch?
Filed under: Auto, Luxembourg
Quand Raoul roule, il se soûle.
Dat ass méng Äntwert dorobber.
Den “Don’t drink & drive” ass och net schlecht … ech drenken seelen während dem Fueren
Io bon. Ausserdeem geng ech mech och leiwer vun engem Meedchen feieren loosen, opwuel daat wuel mei onsecher wier ^^.
In between, ass dei publicity mam Raoul fraenfeindlech?
>In between, ass dei publicity mam Raoul fraenfeindlech?
Hey, gudd Fro!
Gudd dass ech kaum am Land sin an (emmer) nach keen Internet hun… Dann entgin ech winnstens sou Spots…
Down Under hun se eng Léisung déi hei onbedengt misst ageféiert gin: den Chauffeur vir den Owend huet sou en Bagde emt den Hals hänken kritt, an mat deem alles Non-Alloholesches gratis kritt… Huet een zwar net dierfen un Frenn weidergin, mais bon… Domat kann een och als Chauffeur den Owend remkréien…
An zum Frau am Steuer: bis well huet sech nach keen beschwéiert =)
jil: Jo, daat mat dem Non-Alloholesches wier eng gudd Iddi déi se hei och kéinten aféieren. Mee sie wärten färten do e puer Cent ze verléieren …