Home > Auto, Gesellschaft, Luxembourg > Velos-Wéër.

Velos-Wéër.

December 4, 2006 Leave a comment Go to comments

(Schräiwt een daat sou?? Soit.)

Momentan ass et jo in fir iwwerall Veloswéër ze schaafen. Usech jo och keng schlecht Iddi. Mee ech gesinn 2 Nodeeler:

  1. Et geht emmer zu Laaschten vun den Autosspueren. An daat helleft kengem wirklech. Et gin net hallef souvill Autoen op eemol op der Strooss just well et lo eng Velosspuer gët. Also gët den Autoschaos emmer nach méi schlemm.
  2. Wann et reent, schneit oder stiermt fiirt souwiesou keen mam Velo. Also ronn 6 Méint am Joer. Ass daat net och bessen Verschwendung? 6 Méint am Joer ass en potentiell Autospuer eidel. Och net grad super.

Duerfir sin ech jo nach emmer dofir fir direkt virun der Grenz rieseg Park and Righten ze maan an d’Läit +- frendlech ze zwengen déi mussen ze huelen (soss mussen se eng Tax an der Stad bezuelen oder waat och emmer). An dann gin déi moies mat Bussen ran an owes nees mat Bussen rauskutschéiert. D’Frontalieren bléiwen jo souwisou nie méi laang wéi néideg an der Stad. An sie sin jo och emmer ganz houfreg engem daat matzedeelen.

Categories: Auto, Gesellschaft, Luxembourg
  1. No comments yet.
  1. No trackbacks yet.