Sch**ss Yahoo.

Djö, no engem Update vum Yahoo Messenger mëcht main Firefox lo automatesch eng Yahoo Mail Säit op wann ech op en Mail-Link klicken. Lo muss ech nees kucken wéi ech daat reckgängeg maan. Ech haassen Programmen déi selbststänneg sou Tricken maan. Duerfir hun ech säit Joren keen RealPlayer méi.

The Departed.

Exzellenten Film (just de Schluss zidd sech bessen). An grandios Schauspiller, zumools den DiCaprio an natiirlech, oniwwertrefflech, den Jack Nicholson nees an enger Paraderoll! An e schéinen Hutt huet en och heiansdo op.
4.5/5 Punkten.