High Noon.

Lo ass den Saddam jo gehangen gin. Usech jo eng gudd Saach. Allerdengs nees mat engem batter Beigeschmaach:  Hien ass wéinst engem präzisen Evénement, waat et mol net an d’Top 10 vun sengen grausamsten Aktivitéiten packt, direkt zum Doud verurteelt gin, wouduerch vill aner Prozesser hinfälleg gin sin. Prozesser, wou villäicht nees op den Dësch komm wier, vun weem hien alles fréier ennerstetzt gouff an vun weem hien  seng Waffen an säin Gëftgas kruut. Daat wier natiirlech fir verschidden Läit pénibel gin.

Mee dovunner oofgesinn wärten och vill Irakien nie Äntwerten op nach ongeléisten Froen aus der Zäit kréien. An anerer wärten den ganzen Prozess souwiesou als politeschen Schauprozess vun den Amerikaner oofdoen.  Roueg wärt et do ennen nach eng ganz Zäitchen net gin. Saddam hin oder hier.

Leave a Reply