Church recycling.
Posted on February 5, 2007 by strawdog
Interessanten Artikel. Et geht em aal Kirchen an Europa, déi net méi gebraucht ginn well net méi vill Läit dran ginn an wat een lo mat deenen soll man. Well den Ennerhalt kascht jo …
Duerfir gin se transforméier an Moschéen, Restauranten, Baren, Concertssäll, etc.
Ech sin jo och extremst selten an enger Kierch, mee en Pizza-Uewen wou fréier den Altar stung, do muss een sech schon drun gewinnen!

Filed under: Architektur, Gesellschaft, Religion/Philosophy
Dann géing ech fleit och eng Kéier an sou e Gebei mech eran trauen. Wei verhällt sech Weihrauch mam anti-Tubak Gesetz an Restaurants?
Waat ech an deem Artikel awer e bessen zweifelhaft fannen, ass folgend Behaaptung: “increasingly secular Europe”. Och wann emmer manner Chrechten an d’Kierch ginn, bedeit daat awer na laang net, dass Europa sekulär get.
@tchup: D’ass jo awer och net grad wéi wann mer an engem Gottesstaat giffen liewen oder wéi wann d’Religioun en immens groussen Stellenwert hei hätt … oder wou gesäiss du deen?
Dat erënnert mech un de Film “Alice’s Restaurant”, mam Arlo Guthrie, do war nämlech och eng Kiirch als Restaurant ëmfunktionéiert ginn. As allerdings schon eng Weilchen hir
@ strawdog: soulaang mer keng Trennung vu Kiirch & Staat hunn, kann ee scho vun engem grousse Stellewert schwätzen, deen allerdings imposéiert as…
Tiptop, en italienesche Restaurant an der Kierch. D’Sakristei get zur Kichen an am Tabernakel ginn da Brout a Kéis fir bei d’Pasta stockéiert.
@strawdog
mer sin an Europa a villen Hinsichten immens weit vum Laizismus entfernt. Daat bedeit dann awer net automatech, dass mer een Gottes- oder Mullahstaat sinn.
Mee déi Behaaptung an deem Artikel ass einfach falsch, well zwar absolut betruecht fleit lues a lues manner Leit reegelmeisseg an Kierch ginn, de Fundamentalismus (net nemmen deen islamechen) hellt awer immens zou, och an den iewechten Etagen vun Relioun an Politik.
@tchup: Beispiller, Beispiller? Ech fannen mir sin extrem laizistesch. Méi laizistesch sin just nach d’Russen an d’Chinesen à la limite.
ok
wou d’Russe sech hibewegen geseit een hei: http://www.diepresse.com/artikel.aspx?channel=h&ressort=ws&id=615746
Wanns de eis elo mat aaere Staten direkt vergleichs, schengen mer an Europa op den eischten Bleck zimmlech laizistech ze sinn, mee just well aaner Staten manner laizistech si wei mär, bedeit daat jo net, dass mär laizistech sinn.
Daat eenzegt laizistecht Land an Europa ass jo Frankreich, well et an allen aanere Länner entweder quasi Statsreliounen oder emfangreich Konventiounen/Verträg mat de Kierchen ginn. (Laizismus betrefft jo net just d’Finanzéierung vun Reliounsgemeinschaften). Wéi et bei eis ass, ass jo wuel kloer, mee zB an Daitschland wou et usech keng Kierchesteier get, ewei mär se kennen, ginn d’Reliounsgemeinschaften trotzdeem massiv vum Staat ennerstetzt. Just an Italien an a Spuenien gouf zumindest ee mei gerechten Finanzéierungssystem agefouert, wou de Steierzueler wiele kann wiem en deen bestemmten Deel vun der Steier get, sief daat eng Relioun oder eng ONG.
D’Majoritéit vun den Europäer schengt jo och derfir ze sinn een Gottesbezug an d’EU-Verfassung opzehuelen, waat zwar just eng Floskel ass, awer trotzdeem en Hinweis, wei weit mer vum Laizismus an Europa eweg sinn.
@tchup: ok, et gët secher keng komplett Trennung vun Staat an Kierch an do kéint nach su muenches gemaach gin. Mäin Punkt awer woer, dass een an sengem alldeeglechen Liewen net vun der Religioun beanträchtegt ass oder sech un religéis Virschreften muss haalen. Also gesinn ech keen Problem.
Woubei geseis de kee Probleem?
Als Duerchschnettsbierger stellen Reliounen hei effektiv keng immens Hürden duer, fir e puer Minoritéiten awer schons (siehe Homoehen, Stierfhellef).
Esou vill ech wees dierfen an Däitschland z. B. kéng protestantesch -evangelesch Kierchen zu Moscheen ëmgebaut ginn.
Mir ginnd’Relioun net lass egal wéi mir eis dréinen a kéieren an eis Kierchen sollte mer dann wann et muss sinn a net méi bezuelbar ass zumindet fir a Musée oder ähnlech Zwecker hirginn.
Wa mir kéng Kierche méi brauchen si mir ganz staark op den Hond komm. Mä dat ass der Kierch hir Schold. Se huet ewéi ëmmer den Zäitpunkt total verpasst déi richteg Sprooch ze fannen fir den Ëmgang matt intelligente Leit.
All Naturvollek aus der Antik haat en Tempel, eng Höhl oder soss eng Plaz wou spirituell Handlungen virgeholl gi sinn.
E Foussballsfeld wir mir nun awer zevill makaber an och zevill eng patriarchal Arena.