Menni, sou net.

Endlëch mol eng Reality-Serie, déi interessant kéint sinn (d’Nanny ass vum Konzept hier wuel och net schlecht): ‘Teenager ausser Kontrolle - Letzter Ausweg Wilder Westen‘.

Ok, den Numm ass typesch RTL-Schrott, mee d’Iddi (an d’Art an Weis) fir deenen Problemkanner mol ze weisen, wou den Hummer hänkt an dass net alles sou geht, wéi sie mengen, ass richteg. Mol gespaant wéi dat sou verleeft an och zumools, wéi se sech henno doheem verhaalen wärten. Well dat ass de Knackpunkt vun all Therapie.

Wen wees, villäicht gët jo och deen een oder aneren Spectateur inspiréiert …

5 Responses to “Menni, sou net.”

  1. Ass dat nees sou eppes wéi en Jugendcamp wou se schrecklecher kierperlecher Ustrengung an Disziplin ennerworf gin?

  2. Disziplin jo. schrecklecher kierperlecher Ustrengung nee.

    Mee gudd deet et hinnen. Dann kommen se mol vun hierem héijen Pärd erof an kréien mol rem e Senn fir d’Réalitéit :)

  3. Wann ee wierklech verdéngt huet ewéi déi Jugendlech do an ee Camp gestach ze gin, dann sin et hier Elteren.

  4. @thierry: Firwat? Die Elteren hunn en plus op den eischten Bléck(!) nach relativ normal ausgesinn. D’Kanner par conter sinn de Moment verkomm, also muss een bei hinnen usetzen. Et hëlleft jo naischt, wann d’Elteren lo (alleng) sech giffen anescht verhaalen.

    Bessen Farmliewen deet deenen do Rotzläffelen net wéi :)

  5. ps. thierry, du wärs d’Emissioun net gesinn hunn, oder? Dann kanns de se also och net richteg jugéieren …

Leave a Reply