In pace.

De neien Bébé vun RTL, Tageblatt, IP an Kreutz & Friends: In Pace.

Fehlt nemmen nach en RSS-Feed, haha.

9 Responses to “In pace.”

  1. Do fällt mer elo ee Sproch an vun mengem fréiere Reliounsproff wéi e Schüler Zeitung gelies huet a sengem Cours: Weis mer mol d’Doudesannoncen, ech muss kucken wat d’Geschäft mécht.

    Iergendwéi makaber dat do.

  2. Jo, fannen et och makaber. Obwuel an enger Zeitung jo och Doudesannoncen sinn. Mee hei wirkt et irgendwéi sou offensichtlech just aus finanziellen Interessen gemaach … An et ass kaal, just eng Datenbank, schlecht formatéierten Text, keng logesch Reihefolge, keng Fotoen, etc. Die Säit wirkt steril, oofweisend, … eben wéi eng Agence de pub sech dat wuel virstellt.

    Fehlt just nach dass se Reklammen drop schalten! ;)

  3. Lo muss d’d'Wort awer färten, wéll vill Leit kaafen d’d'Wort just nach wéngst den Doudes-annoncen. Anscheinend gëtt ët dee Site awer scho mi laang, wéll ën ass op de Januar 2005 registréiert an huet schon ë Google-PR vun 5.

  4. @pa: kann sinn, hat d’Reklamm just haut um RTL gesinn. Trotzdem e relativ lamentabel emgesaatenen Site.

  5. Dei Doudesannoncen gett et effektiv schom méi laang. Hun se awer selwer nach ni gesin bis elo.

    “Fehlt just nach dass se Reklammen drop schalten!”
    Sou wéi zB “Sarg aus edlem Eichenholz jetzt nur noch 999,95€!” ;)

  6. @ strawdog
    Wéi?! Reklamm um RTL?! Wéi huet déi ausgesin? Schwaarzen Hannergrond, iergendwelch gothesch Musék an dann den Text “Wesst dir wien geschter gestuerwen ass? Liewt den XY nach oder spueren ech dest Joër déi Suen fir d’Chreschtdagskaart? Hat den YX Kriibs oder war et een Autosaccident? D’Enwerten op déi Froen fannt dir elo op InPace.lu - elo och mat Sichfunktioun!” ?????????

    @ federico
    Wat een Zynismus. :D

  7. @thierry: haha, nee, ganz sou offensichtlech nët. eischter pseudo-dezent. an ech fannen den Site emmer nach schrecklech gemaach. amateurhaft.

    an jo, eng Sichfunktioun!?!?

  8. Jo, den Design as wiirklech grujeleg *Schudder*
    Wéi kënnt een dat besser maachen?

  9. Also Reklammen schéngen op deem site jo souguer ageblend ze gin, maison brandenburger mat feierbestattungen uewe riets. War daat an der Zait net?

    No dem Urteel iwwer onrechtméissegt Kopéiren vun Annoncen aus dem Wort, bei deem Editpress jo net super do steet, froen ech mech op daat Urteel just fir d’Tageblatt, oder och fir hiren “in pace” site gellt.

Leave a Reply