Tales from the Crypt.

Den James Cameron huet en neien Documentaire gedréint (corr: co-produzéiert) an stellt deen die nächst Woch fier. An dem Documentaire gët behaapt, dass d’Familjengruft vun der Jesus-Famill fonnt gouff. Opmanst gouff mol eng Gruft mat Särg fonnt wou d’Nimm Maria, Joseph, Jesus, Jofah (e Brudder), Maria Magdalena (seng Fra) an Judah (säin Fils) dropstinn an och Schanken dran sinn. Schengt mer bessen wakkeleg als definitiven Beweis, mee gët bestemmt amüsant. Suwuel den Film wéi d’Reaktiounen vun der Kierch.

Ech ginn mer mol Popcorn sichen. (via)

jesus.jpg

6 Responses to “Tales from the Crypt.”

  1. wow dorop sinn ech gespaant, wou get dat dann ausgestrahlt?

  2. fir d’éischt mol just bei Discovery Channel USA … mee wärt kuerz drop am Internet ze fannen sinn ;)

  3. Dat erennert mech un een exzellenten Film mam Antonio Banderas, “The Body” vun 2001, deen behandelt wat geschéien géif wann dem Jesus seng Knachen tatsächlech géingen entdeckt gin. Falls et wierklech sollt stemmen, dass dat dem Jesus säi Graf ass a seng Knachen souguer nach géingen draleien hätten mer eng weltwäit Kris. Reliounskricher hu mer der genuch momentan, an dat do kéinnt ee ganz groussen Deel vun der Menschheet net verdauen. An deem Senn hoffen ech dass se sech irren. :S

  4. Ech gesin grad du hues dech iwwregens geirrt, den Dokumentaire ass vum Simcha Jacobovici gedréint gin, den James Cameron war nemmen ee Coproduzent.

  5. Huet keen den Documentaire “Kubrick, Nixon und der Mann im Mond” gesin? Ë Film iwwert d’Moundlandung, di domols heemlech vum Stanley Kubrick gefilmt gouf, mat Zeienaussoën vu Persounen, deenen ech Humor ni zougetraut hätt, wi den Rumsfeld oder de Kissinger.

  6. Bon, Produzent, Coproduzent, en ass halt mat fir dobäi! ;)

Leave a Reply