In the penguins’ den.

200_cookgrate.jpgNormalerweis sinn ech keen Theater-Fan (jojo, ech wees, wahrscheinlech zu Onrecht). Mee et ass mir zevill statesch an visuell ze langweileg. Wann ech op enger Plaaz setzen muss, dann muss dat, wat ech kucken mech awer schon wirklech fesselen. An och wann leider net all Film, deen ech je am Kino gesinn hunn, interessant woer, sou hunn se mech dach meeschtens opmanst optesch an hieren Bann geschloen. An d’Biller variéieren opmanst séier.

Mee soit, zereck zum Thema. Ech woer geschter op sou enger Soirée, wou een bis kuerz virdrun net wees, wat organiséiert ass an déi lo jeweils eng Kéier pro Mount während dem Kulturjoer stattfannen. An gëschter woer d’Thema halt Theater. Mee net egal wat fir en normalen Theater an net egal wou. Dat Ganzt huet sech an deem nawell groussen, eidelen Gebäi niewent an iwwert dem alen Lassner oofgespillt, fréier woren do Nonnen oder sou. D’Läit gouffen an 6 Gruppen opgedeelt an haten jidereen een Guide. Firwat 6 Gruppen? Ben, d’Stëck hat 6 Szenen, also gouffen et 6 (relativ kleng) Räim, wou jeweils ee Schauspiller seng Performance hat. Alle sechs hunn se deen selwechten Personnage verkierpert (den Hermann), mee zu verschiddenen Momenter vun senger Geschicht. Wann een bei deem eischten nach net ganz verstan huet, em wat et gaang ass, sou ass dat mat den Stoff vun der Geschicht mat der Zäit awer emmer méi dicht ginn.

Et gouffen awer net nemmen die 6 Räim mat den Schauspiller, et gouffen och nach eng Rëtsch anerer, wou just Uspillungen zu den Elementer aus der Geschicht präsentéiert gouffen. Dat Ganzt och emmer an engem ‘David Fincher’-Look: däischter, just vereenzelt Luuchten, meeschtens an enger spezieller Faarw, alles bessen drëckeg an ruppeg (wou dat eidelt Gebäi natiirlech perfekt dofir woer), ‘Blut’ un de Maueren, Schaum (wie bei enger Schaumparty) an engem Zemmer, Geckenhausatmosphäre, etc. Leider hat ech keen Foto-Apparat dobäi …

Wat och witzeg woer, ass dass een wirklech ganz no un den Schauspiller (déi och all wirklech gudd woren) woer an déi zum Deel och tëschent de Läit performed hunn. Den Fait, dass d’Geschicht keen richtegen Ufank an Schluss hat huet et och erméiglecht, dass all Grupp an engem aneren Zëmmer konnt ufänken an sie sou d’Geschicht jeweils anescht entdeckt hunn. Och dat huet mer gefall. Ech woer wirklech vun der ganzer Experienz positif beandrockt: Am Ufank woer ech wéi gesot skeptesch, net nemmen wat Theater, mee och wat sou artistesch Theater-Installatiounen ugeht, mee do gesäit een nees, dass een sech nie zevill vun sengen Klichéen leeden soll, hehe … Et hat een wirklech bal vergiess, dass een zu Letzebuerg woer! Oops, oder ass dat och e Klichée?

Duerno woer dunn nach eng Electro-Rock-80ies-Party am selwechten Gebäi (wat mir iwweregens wirklech immens gefall huet: aal, Art Déco-Style, héich Maueren, faarweg Glasschéiwen um Plafong, holzen Wendeltrapen, etc). Et huet een sech bessen gefillt, wéi wann een bei der Boom an der Stuff giff danzen!

Dann sinn ech lo mol gespaant, wat déi nächsten Kéier um Programm steht.

5 Responses to “In the penguins’ den.”

  1. Dat erennert mech e bessen un dem Frank Hoffmann (bei wäitem mäi léiwste Regisseur) sengt Inszenéirung vum “L’étranger”. Do ass een als Zuschauer och vun Szen zu Szen getreppelt, just dass een et firdrunner mol net gesot krut. Do koums de an d’Haal eran an du stoungs matzen an der Szen. A bass da lues a lues vu Bühn zu Bühn getreppelt, heiansdo richteg mat Bühn an Still, heiansdo Stéiplaaz direkt frun de Schauspiller. :)

    Du dees dem Theater iwwregens wierklech Onrecht. ;) T’ass vläit visuell net sou voller Reizer wéi ee Film, mee t’geet jo och em den Inhalt. Eppes wat ee bei Filmer oft vergeblech sicht…

  2. @thierry: Dem Frank Hoffmann seng Inszenéierung klengt en effet och interessant. Geschter wousst een allerdengs am Ufank och net, dass een giff trëppelen goen. Mee (gudd) Iwwerraschungen sinn jo emmer wellkomm! ;)

    Mengen ech misst dem Theater wirklech mol rem eng Chance ginn. An wat ech virdrun gemengt hat, woer, dass en Theaterstéck mech halt vum Contenu muss vill méi fesselen, wéi en Film, well deen emmerhin nach duerch seng Biller ooflenken kann. Mee dat bescht ass natiirlech en Film, deen suwuel vum Contenu wéi och vum Visuellen hier top ass! Muss een sichen, mee där gin et der jo glecklecherweis awer :)

  3. dann häs de mol sollen d`Rocky Horror Show kucken goen wéi déi nach opgefouert gouf… Daat war deen wahnsinn!! nemmen gelaacht an sech amüséiert, en genialen Owend!

    An den Nussknacker as jo awer wirklech och net ze verachten…

    An jo, ech gin och alt an den Theater, daat wosst de och nach net, gell? =)

  4. @jil: ech muss en effet nach meng gedankenlieseresch Fähegkeeten verbesseren!! ;)

  5. [...] Des Performance hei kënnt an menger Beschtenlëscht direkt hannert dëser. [...]

Leave a Reply