Memory.

420_31409920_e48be1dd0e_o.jpg

Ech interesséieren mech fir d’Gehiir an fir d’Gediechtnes. Duerfir hat ech mer virun enger Zäit eng Kéier en Buch kaaf, wéi een Zuelen an generell Saachen besser verhalen kann. Lo kann ech zum Beispill meng 16stellegen Coden fir die divers Online-Banking Siten auswenneg (wat mech arrangéiert, well ech jo eischter faul sinn an emmer die Kaart eraushuelen schon zevill wier …).

Fir länger Zuelen ze mémoriséieren kann een den Major System (hei an hei) benotzen. All Zuel vun 0-9 gët en Buchstaaw zougewiesen (0=S, 1=t oder d, 2=n, etc). Bei 63 hätt een dann 6 = SCH an 3 = M, wourausser ech dann SCHAUM gemaach hunn. Sou eng Lëscht mëcht een sech dann eng Kéier vun 0-99 (kann een natiirlech nach aus bauen) an léiert se duerno auswënneg. Ass am Ufank e bessen Arbecht, mee henno profitéiert een emsou méi dovunner. An üben kann een jo iwwerall, zb. beim Liesen vun Autoschëlder.

Wann een déi Associatiounen bis intus huet, dann kéint een d’Zuel 85641238788305 als folgend Geschicht verhalen: “Eng raschteg FAAL aus schaarfen SCHÉIEREN läit ennert enger uraaler DÄNN. Den schmieregen MAFIOSI aus dem klengen KAFF nobai trëppelt dran an bierelt onmoosseg. Eng supersexy FEMME héiert hien an schleeft en bis an en riesegen SALL.” Dat klengt villäicht schiel, mee verhällt sech vill bësser wéi die Zuel. An mëcht en plus kreativ, hehe.

Wann een lo nach (vill méi) laang Zuelen wéilt verhalen, koppelt een dat am Beschten mat der Loci-Method, déi die aal Griechen an Réimer schon benotzt hunn: Et definéiert een einfach en festen Wee (dobaussen am Haus, an engem Zëmmer oder wou och emmer) an memoriséiert sech dann déi Réihenfolg. Wann een dann verhalen huet, dass an der BIDDEN en (Riesen-)BABY läit, an wann d’Bidden die 15. Etapp um Wee ass an den Baby 99 repräsentéiert, dann wees een dass d’99 die 15. Zuelenkoppel an der laanger Zuel woer.

Wann een lo Coden wëll verhalen, wou och Buchstawen dran sinn, dann brauch een sech just en Déirenalphabet vun A-B opzestellen an dat ze mémoriséieren. An dann mat deenen viireschten Methoden kombinéieren.

Wann een lo historesch Daten verhalen wëll, wie zb. dass d’Schluecht vun Waterloo 1815 woer, dann kéint een sech virstellen dass op eemol, während der Schluecht, eng komplett iwwerdriwwen an feierlech DAAF an engem DALL stattfonnt huet. Klengt blöd, mee verhällt een sëcher besser.

An wéi bei alles, sou ass et och hei: Übung macht den Meister!

Momentan, afir oofzewiesselen, sinn ech momentan amgaang Gedichter auswenneg ze léieren. Eppes wou een mech fréier hätt missen forcéieren. Mee och hei ass et nees eng Saach vun Technik (an Répitioun). Ech kann der lo schon 5 an wärt déi demnächst och jeweils hei virstellen. Méi an manner bekanntener. En plus fannen ech se och nach wirklech schéin an gudd geschriwwen.

Wann also een e puer Proposen fir cool Gedichter (aal an modern) huet, op letzebuergesch, däitsch, franséisch oder englesch, dann färt net fir se an de Comments ze proposéieren!

Ps. Den ‘Panther’ braucht der net ze suggéréieren, hehe.

(photo)

14 Responses to “Memory.”

  1. Soss hues de keng Peng? ;)

    Majo, wéi wär et da mat der Maus Kätty. Ass e Stéck Lëtzebuerger Kultur.

    D’Maus Kätty sëtzt bei hirem Lach
    zu Birmereng am Feld
    wéi schéin, denkt si, ass d’Liewen dach
    wéi gutt ass et op der Welt.

    …. an der ronn si meng
    dat ass gewëss
    Ech liewen einfach a gesond,
    vun … an Hieslenëss.

    Do feele mer schonn e puer Wierder. Méi weess ech net méi.

    An de Reenert, dee kennen ech guer net.

  2. oi, majo dann!

    Meng pins, an coder hun ech all am Kapp, mais wehe ech kréien engkéier iergendwou en neien….

    Mat den Gedichter fannen ech cool, mais selwer wollt ech se nie auswänneg léiren…
    An Maus Kätty as einfach Kult, déi huet mer als Kand gefall an gefällt mer emmer nach

    Weider sou grommel mupp ;-)

  3. @Maach: anscheinend net! ;)
    Mengen ech zéien mer d’Maus Ketty dann wirklech eng Kéier op d’Long. Bessen Lokalpatriotismus muss jo sinn.

    @jili: Merci *bravgrommel* :)

    an jo, mee ech schwätzen jo vun 16stellegen Pin-Coden an sou! ;)

  4. Genau dei Technik krute mer während 2 Stonnen vun iergendsou engem Futzi aus Däitschland an der Schoul bäibruecht. Effektiv konnte sech alleguer d’Schüler am Sall herno eng 20-stelleg Zuel ouni Problemer mierken, all Land um amerikanesche Kontinent, eng fiktiv Akafslëscht, 20 zoufälleg ausgewielte Begrëffer etc.
    Ech wees allerdings net, wéi een déi Method wierksam fier zesummenhänkend Texter kann uwenden? :o

  5. @federico: schéin ze gesinn, dass d’Schoul nach bäiléieren kann! Hoffentlech ass eppes vun der Technik hänken bliwwen ;)

    Wanns de mat zesummenhänkend Texter déi Gedichter mengs, dann woer ech net ganz kloer. Die Gedichter hunn näischt mat der Mnemotechnik fir Zuelen ze dinn. Et ass just en aneren Exercice fir de Kapp!

    Den Prinzip fir Gedichter/Texter ze mémoriséieren posten ech henno nach.

  6. Oh, well och meng Akaafslescht kennen… vergiessen emmer halschent… dann get eben rem beim Owesiessen improviséiert…

    @strawdog: 16 stelleg codes….. mmmh.. deen Deel haat ech wahrscheinlech iwwersprong… mais däer hun ech keng. Wann et dann engkéier sou weit as dass ech mat der Zait gin, an OnlineBanking hun, wullen ech an dengen Archiver =) oder ruffen un, oder schecken en Telegramm…

  7. @jil: Improvisatioun ass och emmer gudd! :)

    An ok, du kanns mer och einfach Rauchzeichen man oder sou … klengt Feier gemaach, eng Decken an lass! ;)

  8. Grommel: ah ok hehe … hun effektiv geduecht du gings och Gedichter mat der Mnemotechnik léiren ;)

  9. federico: hat mech wuel net kloer ausgedréckt ;)

    Basistechnik fir e Gedicht auswenneg ze léieren:

    Vers 1
    Vers 2
    Vers 1+2
    Vers 3
    Vers 4
    Vers 3+4
    Vers 1-4

    An dann (ongeféier) sou uwennen:

    1. Gedicht/Text eng Kéier nemmen liesen
    2. E puer Stonnen méi spéit während 20 Min. mat der Basistechnik anprägen
    3. No 15 Minutten 1. Widderhuelung
    4. No 8 Stonnen 2. Widderhuelung
    5. Nächsten Dag 3. Widderhuelung
    6. No 3 Deeg 4. Widderhuelung
    7. No 6 Deeg 5. Widderhuelung
    8. No 12 Deeg 6. Widderhuelung
    an dann nach die 3., 6. an 12. Woch widderhuelen. Duerno vergesst een et quasi net méi. Ech hunn emmer nach eng Abschnitt aus dem Faust am Kapp, deen ech virun, hm, 12 Joer geléiert haat.

    Repetition is the key! :)

    Ass villäicht iwwerdriwwen, mee eng gudd Alternativ zum Tele kucken ;) An wann een seng physesch Muskelen trainéiert, firwat net och die mental?

  10. Ah jo, eppes vum Rilke dierf dann natierlech net fehlen. Gudde Choix ;)
    Déi Technik déis de uwenns fir Gedichter auswenneg ze léiren, krute mer an der Primaireschoul beibruecht - souwäit ech mech nach erënnere kann - an et as wierklech eng efficace method :)

  11. @leti: jop! sie ass efficace, zumools am Zesummenspill mat genuch Zäit an Widderhuelungen … eppes wat ech an der Schoul nie wollt agesinn, hehe.

  12. [...] hei ugekënnegt, kommen lo hei Gedichter, déi ech gudd fannen an déi ech, aus Spaass an als Training, [...]

  13. [...] wéider geht et: Sachliche Romanze (1929, Erich [...]

  14. [...] weider geht et: Vereinsamt (1884 , Friederich [...]

Leave a Reply