Innocent minds.

Je no Alter an Experienz interprétéiert een Objet’en anescht.

Dat hei:

435_household_pornography_2_by_iasi.jpg

erënnert mëch un dat hei:

435_delprete_message.jpg

Kanner gesinn nemmen Forchetten an Delphiner. Net-Kanner erkennen nach aner Saachen.

8 Responses to “Innocent minds.”

  1. Bei deem zweeten Bild hun ech dat mat den Delphiner am Ufank mol guernët verstan. Mee sinn ech ët, oder ass et do nawell wierklech schwéier, d’Delphinen ze gesin?

  2. @ federico: hun och mussen sichen =)

    Daat mam Kand sin an anscheinend schuns länger hier bei eis ;-)

  3. Dat ass well mir all sou versaut an verduerwen sinn! :)

  4. A wat ginn et dann fir verschidden Meiglechkeeten bei deem eischten Bild? Ech gesin do just Fourchetten.

  5. Dat eischt Bild ass natiirlech net ganz deen selwechten Genre wéi dat zweet.

    Den Punkt woer, dass mir dat wat mer gesinn anescht interprétéieren well mer ‘virbelaascht sinn’, am Géigensatz zu den Kanner. Kanner gesinn en effet just Forchetten, mir gesinn (normalerweis ;)) sexuell Uspillungen … Obwuel die 3. Forchette-Variant ustrengend ausgesäit … an vun der Forchette ass et och net wäit bis bei den Läffelchen … bon, soit, ech ginn lo mol eppes iessen :)

  6. Sou, lo wäert ech mäin Owend domadder verbréngen déi Delphinen ze sichen…

  7. @strawdog
    Dat eischt Bild ass also eischter Konscht wéi ech dat verstin. Ech fannen dat et och iergendswei ganz normal ass, dat een deelweis nemmen Saachen kann gesinn déi een Deelweis schon gesinn huet, well een jo alles mat eppes vergleicht fir et ze erkennen.

    Et gett nach eppes waat der dat weisst an ech zimlech impressionnant fannen. Huel mol iergendeng Foto dei 200 Pixel grouss ass oder eben méi kleng wei deng Opléisung vum Bildschirm. Dann géi an en Grafikprogramm an Zoom se op Vollgréisst, sou dat se pixeleg gett. Elo mess de deng Aen zou awwer net komplett, just bis de bal naischt méi geseiss. Kuck elo mol op d’Bild. Bei mier ass et sou dat ech, wann ech d’Persoun kennen oder et eng Landschaft ass oder eppes dat mer eben bekannt ass, d’Bild rem méi schuarf gesinn. Vllait huet dat och iergend een anneren Grond, mee cool fannen ech et trotzdem.

    @chris
    Sou schwéier ass et elo och rem net.

  8. @fara: jo, den Effekt ass saucool! Hat dat och schon mol zwousch gelies (allerdengs wees ech de Link net méi). An dat ass jo och firwat een d’Aan méi zoupetzt, wann een eppes net genau erkennt oder ze wäit fort ass. Dann gët et méi scharf.

Leave a Reply