Home > Näischt, Photographie > Striptease.

Striptease.

Ech fannen Röntgenbiller einfach emmer rem faszinant. Och wann ech nach emmer net wees, firwat ech main lenksen Fouss zenter enger Woch wéi hunn … mee bon, villäicht wees mäin Dokter jo muer eppes gescheits z’erzielen.

 xray.jpg

Categories: Näischt, Photographie
  1. March 29, 2007 at 2:19 pm | #1

    Ech fannen et virun allem emmer zimlech lousche fir dodrobber eppes eendeiteges ze erkennen. Ech mengen wanns de Longenkriibs hues dann geseit een Lächer, dat ass relativ deitlech, mee sou kleng Ress oder sou, wei soll een dei bei sou enger Opléisung gesinn?

  2. March 29, 2007 at 3:14 pm | #2

    D’Originalopléisung ass jo bessen méi héich wie dat do … allerdengs lo och net tonnen méi. Naja, mol kucken.

  3. March 29, 2007 at 8:34 pm | #3

    wat hues de dann genau fir e bobo?

  4. March 29, 2007 at 8:49 pm | #4

    D’Cholera. A main Fouss fault vun bannen.

    Nee, keng Ahnung. Wärt wuel eng Tendinite sinn oder sou. Mee bon, naischt katastrophales ;) Nervt just.

  5. March 29, 2007 at 10:24 pm | #5

    Ech haat och d’lescht Saison eng Tendinite am Fous. Dat wuar awwer guer net su witzeg. Weinst deem Blödsinn konnt ech 3 Meint net richteg traineieren (sou gudd wei guer net) an hun een Joer keng Coursen gemach. Et ass nach emmer net ganz fort, mee mat vill Stretching geet et awwer. En Tipp: Eis, Eis an Eis. Wanns de der all Daag 15 Minuten Eis dropklaacks oder an kaal Wasser zapps geet de Schmerz relativ schnell fort fannen ech.

  6. jilibean
    March 29, 2007 at 11:12 pm | #6

    Bass de well futtifreckt?

    Dann mussen mer awer een gudden Guinness drop drenken goen.. Aiskaal versteeht sech, winnst der eventueller Tendinite

  7. March 30, 2007 at 7:06 am | #7

    fara: Merci fir den Tipp. Schengt dann awer net wirklech eng Tendinite ze sinn (hoffen ech mol?? mol kucken wat den Doc haut seet) well et geht definitiv schon besser, wéi virun knapps 2 Wochen. Och wann et nach net fort ass … An ech kann och net trainéieren, dat nervt.

    jil: nach net ganz! ;) Haat mengen ech eng Kéier bessen forcéiert …

    An fir en Guinness drenken ze goen, do sinn ech emmer dobäi! Aiskaal oder net, hehe. Cya!

  8. Klodi
    April 1, 2007 at 11:07 am | #8

    Also, d’Rentgen u sech ass jo virun allem gudd vir Schanken (oder Brech vun deenen) ze kucken. Wann ee sech méi vir de Recht (Muskel an Tendonen) interesséiert ass jo sou eng Résonance magnétique besser. Ass zwar ëmmer nach eng, gerad esou wéi d’Rentgen, an deem Fall iwwerflësseg, dozou nach deier, Ënnersichung, mä et kritt een da wéinstens kee Kriibs vun de Strahlen. D’Hypochondrie kann een awer mat deenen zwou Methoden heelen. Ob jiddwer Fall kann ee mat där Opléisung op deene Biller néitscht erkennen. Et schéint awer kee Knachekriibs ze sinn. ;-)

  9. April 1, 2007 at 11:21 am | #9

    Merci Här Dokter, mee Hypochondrie woer et an desem Fall sëcher net, wëll et huet jo beim Goen wéi gedoen. An dat woer keng Abildung. Meng Suerg woer och net, dass et eppes Schlemmes woer (obwuel, weess een jo nie, hehe), mee dass et nees séier fortgoen sollt. Well ech jo nach aner Pläng hunn …

  1. No trackbacks yet.