Oh Herr, lass Hirn vom Himmel regnen!

Idiotien wéi die hei dinn emmer rem wéi:

A French nun has been identified as the long-mysterious clergywoman whose claim that she was cured of Parkinson’s disease could prompt the Roman Catholic Church to beatify Pope John Paul II.

She is expected to speak at a news conference Friday about how she inexplicably recovered from Parkinson’s after she and her community of nuns prayed to John Paul.

Lo mol ugeholl, deen Hokus Pokus giff stëmmen (et wier also net einfach en Zoufall, wéi en och an der Medizin mol virkënt) an die Nonn wier wirklech vu ‘Gott’ geheelt ginn. Dann faalen mir spontan dës Froen an:

  • Firwaat giff en soi-disant guddhärzegen Gott nemmen no bestemmten Gebieder heelen (an net vun sech aus)?
  • Firwaat funktionnéieren sou Gebieder nach laang net bei jiderengem? Waat sinn d’Critèren vun Gott fir en Gebied ze erhéieren?
  • Firwaat gët d’Gebied fir eng eeler Nonn erhéiert an net déi sëlleg Gebieder fir kriebskrank Kanner?
  • Firwaat bied die Nonn iwwerhaapt fir nees gesond ze ginn? Nach keng Loscht fir bei den Chef ze goen?
  • Firwaat ginn d’Gebieder vun Amputéierten NIE erhéiert?
  • Wann verschidden Läit et verdëngt hunn ‘helleg’ gesprach ze ginn, firwaat schräiwt Gott daat net an groussen Buchstaawen an den Himmel? Firwaat iwwert sou bidons ‘Wonner’?

Aaaaargh, réliéis Läit sinn sou onkoherent. An beschränkt.

10 Responses to “Oh Herr, lass Hirn vom Himmel regnen!”

  1. Grommel, dat as e wéineg provokant geschriwwen, ech géif éischter soen dat mir - an domat mengen ech di gesamt Menschheet - nach laang net alles wëssen iwwer d’Liewen. Et gëtt nach souvill onbeäntwert Froen an der Naturwëssenschaft, Philosophie etc, vun der Quantephysik guer net ze schwätzen. Wat dat alles mat Religioun ze dinn huet? Ech denken, et hänkt alles zesummen. D’Urmënschen hu schon den Stäerenhimmel ugebied, dat war den Ursprong souzesoen vu Religioun an Naturwëssenschaften.
    Ech hu perséinlech och Tendenz zum Atheismus, awer ech loosse mer eng Diir op, eben well ech mech net wëll beschränken. Alles as méiglech…

  2. Ech sinn Atheist, waat all die bekannten Götter ugeht. Mee ech sinn awer keen generellen Atheist. Dann eischter Agnostiker mat enger Tendenz zum Pantheismus.

    Mee dovunner oofgesinn sinn meng Froen alles valabel, logesch an gerechtfertegt Froen. Déi och net duerch geschmälert ginn, dass mir net alles wëssen. Just well mer net alles wessen, heescht dat jo net, dass een alles gleewen muss oder alles eng valabel Erklärung ass.

  3. Glaube versetzt Berge. Steet schonn an der Bibel. Fir mech ass dat dee beschte Beweis dofir. Op een dofir de Poopst muss séileg spriechen asss eng aner Fro.

    Op alle Fall schengt eppes mat der Fra geschitt ze sinn. Aus psycho-neurologescher Siicht fannen ech dat héich interessant. En Tema dat mech ëmmer nees faszinéiert: Wat kann een alles iwwer säi Kapp steieren (oder och net).

  4. Maach:

    “Aus psycho-neurologescher Siicht fannen ech dat héich interessant.”

    Absolut d’accord! Et woer och desläscht eng Kéier eng Doku um ZDF komm (”An den Grenzen der Medizin” ;) mat lauter sou Geschichten. Allerdengs net emmer mat religéisem Hannergrond, mee awer spontan Heelungen. An ech ginn hinnen Recht, wann se soen dass d’Wëssenschaft des Fäll net ze färten brauch, am Géigendeel, sie sollen dovunner profitéieren fir se ze ennersichen an draus ze léieren. An Läit, déi sou Saachen WIRKLECH erliewt hunn, hunn och näischt vun der Wëssenschaft ze färten. Quacksalber par conter schon …

    “En Tema dat mech ëmmer nees faszinéiert: Wat kann een alles iwwer säi Kapp steieren (oder och net).”

    Och do sinn mer eis eens. Dat Thema faszinéiert mech och (cf Rubrik ‘Gehiir’). Ech sinn iwwerzeegt, dass mer villes, och eis selwer, vill méi stéieren können wéi mer mengen. Dat heescht allerdengs net, dass ech gleewen, dass ‘Alles’ méiglech ass, nemmen wann een drun gleewt. Dat gleewen ech réischt, wann ech et gesinn ;) Mee et ennerschätzt een secher d’Gehiir, Autosuggestioun, etc generell.

  5. Autosuggestioun: ech hat eemol probéiert mer meng Migrän weg ze suggeréieren, dat hat leider net geklappt. Zréck zum Topic: Si grad amgaang “The God Delusion” vum Richard Dawkins ze liesen. Ech denken, dat mer all Aspekter berücksichtege sollten, wa mer no Äntwerte sichen op déi grouss Froë vum Liewen, also Wëssenschaft, Philosophie an zum Deel och Religioun/Metaphysik. Da wësse mer nach ëmmer net vill. 96% vum Universum bestinn aus onbekannter Matière a wouhir kënnt déi mysteréis Schwerkraaft déi bewiirkt dat Stären um Rand vun eiser Galaxis grad sou séier dréinen, wéi déi no beim Zentrum?
    Wa Gott eng Metapher as fir dat Onbekannt, dann as et net sou abwegeg sech doriwwer Gedanken ze maachen. Dovunn mol afgesinn: ouni Gott kee Paradies - an all Mensch wënscht sech op déi eng oder aner Manéier e Weiderliewen nom Doud. Oder net???

  6. arlésienne:

    ‘The God Delusion’ steht och nach op menger Lescht vun Bicher, déi ech liesen wëll. Ech fannen den Dawkins net schlecht, mee heiandsdo ass en bessen ze radikal. Allerdengs ass och seng Siicht net onméiglech … ech hoffen allerdengs och, dass nach eng weider Etapp kennt, an net einfach alles riwwer ass. Op der anerer Säit sinn ech iwwerzeecht, dass wann do nach eppes kënt, et komplett anescht ass, wéi en Mensch sech dat och nemmen virstellen kann. Duerfir kann ech och menschlech Religioun’en net wirklech eescht huelen (ausser der enger oder anerer Weisheet dran).

  7. E Liewen nom Doud? Nee, merci!

    Hudd dir es net genuch mat deem “heinidden”?

    Näischt méi héieren, näischt méi gesinn an näischt méi spieren: Wann dat net Paradies ass, …

  8. maach:

    Wann ech vun enger weiderer Etapp schwätzen, dann ass dat sëcher net eppes wéi en Kopie vun dësem Liewen just dass een dann op Wolleken setzt an Harf spillt ;)

    Et wier eischter sou am Genre vun dass een mat eppes méi Groussem ‘verschmëlzt’ an dann ‘alles versteht’. Eppes wat mech als virwetzegen Mensch natiirlech interesséiert! ;) Firwat existéiert iwwerhaapt eppes? An firwat an der Art a Weis? etc. Allerdengs ass et och ok, wann aner Läit dat langweileg fannen. Mee nom Doud ass dat jo souwiesou egal, hehe.

  9. Et get hei vu Wonner geschwat , ma op et e Wonner war oder ass muss a get mol fir d’éischt nach vum Vatikan ënnersicht . Et get nach lang net alles als Wonner unerkannt vun der Kirch wat sie als Wonner duergetässëlt krit . Mat der Geschicht vun der Nonn sollt een sech awer emol méi no beschäftegen , well d’Geschicht mat allen Zeien an Détailler ass dach awer éng ganz interessant . Haut war um KTO e Reportage an Témoinage vun énger Stonn iwer dee Fall , an dat war scho ganz interessant .

  10. pio: Ech mengen net, dass de Vatikan eng objektiv Instanz ass fir ze décidéieren op eppes e Wonner war oder net! ;) Well dofir missten sie beweisen können, dass eppes waat en effet aus dem Kader vun der normaler Genesung fällt, och wirklech duerch Gott (oder ween och emmer) ausgeléist gouff. An net zb ‘just’ eng Spontanheelung ass, wéi se heiandsdo virkent. Duerfir sollt och d’Wessenschaft sech staark dofir interesséieren, fir den Prozess vun der Spontan/Selbstheelung besser verstoen ze können.

    Mee interessant sinn sou Fäll op alle Fall.

Leave a Reply