Virgin Diaries.

virgin_diaries2.jpg

Dat kënt dovunner, wann een Fréides owes Tele kuckt an zappt. Dann fällt een iwwert sou Schrott wéi deen hei bei VIVA: ‘Virgin Diaries‘.

Und, hast du schon mal? Bei der brandneuen Reality-Doku ‘Virgin Diaries’ dreht sich alles um das Teenager-Thema Nummer eins: “Das Erste Mal”. Mit der Kamera begleitet VIVA acht junge Menschen, die ihr “erstes Mal” noch vor sich haben. Die Gefühle spielen verrückt und ständig macht man sich Gedanken darüber, wie es wohl sein wird und was alles schief gehen könnte. Über mehrere Monate ist VIVA mit den Teenagern unterwegs und durchlebt mit ihnen die abenteuerlichste Phase ihrer Jugend. Die Mädels und Jungs erzählen vor der Kamera offen und ehrlich, wie sie sich ihr “erstes Mal” vorstellen und welche Fragen sie beschäftigen. ‘Virgin Diaries’ ist eine einfühlsame VIVA Eigenproduktion, die den Umgang junger Leute mit dem Thema Liebe und Sex authentisch und aus Sicht der Teenager porträtiert.

Offen und ehrlich? Sëcher. Fake giff allerdengs besser zoutreffen.

Einfühlsam? Knapp doniewent, ech mengen sie wollten voyeuristesch a bëlleg soen. Op der anerer Säit, wollten mer net all, dass en Kamerateam eis um Wee zu eiser eischter Kéier giff begleeden?

An Dramaturgie ass genau sou originell wie imprévisibel: Tussy X (16 Joer) geht mat sengem Frend (Pascalllll oder sou, typeschen Prollnumm am Däitschen, haha, 21 Joer) an mat senger beschter Frendin (Taschy) an dem sengem Frënd op den Tour. Irgendwéi kommen se op die grandios Iddi fir ‘Partnertausch’ ze man: hat setzt sech niewent dem Tashy säin Frënd an Tashy sech niewent den Pascalllll. Ok, cool … Dann op eemol verschwannen Tashy an de Pascal oder ginn op eng aner Party, keng Ahnung, ech hat gezappt. Tussy X an dem Tashy säin Frend ginn dann (getrennt) heem. Cut. Nächsten Moien: TussyX huet schlecht geschlof, an ët kent per Handy weder un de Pascalllll nach un Tashy. Oh je, oh je, mir schwant näischt Guddes! TussyX schengt awer en effet immens clever ze sinn an seet jhust: ‘Oh, komesch. Die 2 Handien sinn aus!’ Spéider gesäit et dann de Pascalllll, deen him dann awer seet, dass natiirlech näischt teschent him an dem Tashy passéiert wier. Kloer, wéi kéint een just op sou eng Iddi kommen? Bon, blabla, alles nees gudd. Cut. TussyX an tréinen opgeléist. Firwat dat dann lo?? Oh, den Pascallll woer him awer mam Tashy friem gaang!! Nondikass, dat hunn ech net kommen gesinn. Spannendst Entwëcklung zenter der Opléisung um Schluss bei ‘The Usual Suspects’.

15 Minutten vun mengem Liewen hat dat mech geschter owend kascht. An lo nach eng Kéier puer Minutten. Mee bon, ech muss jo heiandsdo bessen grommelen, soss mëcht den Titel vun mengem Blog jo keen Sënn, hehe.

6 Responses to “Virgin Diaries.”

  1. Jojo, den Afloss vun Viacom … :)

    Dat schlëmmst vun sënnlosen Sendungen ass awer nach ëmmer um MTV “My personal Iergendeppes”, wou dann zB en Typ total an iergenden Star, soe mer einfach mol Angelina Jolie, vernarrt ass. Doropshin kënnen sech dann Meedercher mellen, déi mengen, si wieren den perfeken Jolie Doppelgänger (äusserlech wéi och vum Character). Den Typ kann sech dann no verschiddenen Etappen eng vun meeschtens 3-5 vun deen Meedercher raussichen. D’Sendung hält meeschtens mam Saatz “Congrats xxx, you are now my personal [Angelina Jolie]!” Natierlech gëtt et di Sendung och emgedréint (e Meedchen sicht Typen raus).

  2. Ech kann mech nach vague un eng Zäit erenneren, wou op MTV quasi just Video’en gelaf sinn (plus cool Show’en à la Ray Cokes).

    MTV an VIVA sinn definitiv zum BraindeadTV verkomm. Méi iwwerflächleg geht net. Vun Originalitéit keng Spuer. Nemmen Primitivtum 3000. Merci, Amerika.

  3. 16 an 21. Wier dat dem däitsche Recht no net souwisou Verféirung vu Mannerjähregen gewiecht?

  4. Firwat reegen se sech dann op, wann een deem aaneren friem geet? Da sollen se kee Partnertausch maachen! Wat hun se sech dann dovun erwaard?

    Dat nullst ass jo souwisou, datt déi, di déi Geschichten schreiwen, mengen, datt d’Leit sech sou fir domm verkaafe loosse wëllen. Mee anscheinend hun se jo bal Recht.

  5. @ pa: mengen déi meescht déi Viva kucken sin wirklech sou domm…

    Mais sou en Musiksender, egal wéieen mer wellen huelen, as dach souwiesou nemmen nach Klingeltonwerbung déi mega stresst…
    Main Radio as leider putt, dofir fällt mer daat nach vill méi op wéi soss!

    anyway, mengen déi Show do wier naischt fir mech… sin jo och ganz erstaunt dass du Grommel tatsächlech 15 min vun dengem Liewen geopfert hues… fir eis Bloglieser natiirlech nemmen… im Sinne der Forschung… oder sou ;-)

  6. jil: mir haaten drop gewaart, dass den Raab endlech giff mat sengem Boxkampf ufänken an irgendwéi muss een jo d’Zäit doudschloen, hehe. An sou Sendungen sinn e bessen wéi Chipsen: Du weess, dass et kompletten Schrott ass, mee et ass schwiereg direkt nees opzehaalen! ;) Verschidden Saachen sinn sou domm, dass se (kuerzzäiteg) schon nees faszinant ginn.

    An dovunner oofgesinn, muss ech mech als grommelegen Reporter natiirlech fir meng Lieserinnen a Lieser zu sou Sacrificen bereet erklären.

    Zu MTV/Viva: Am Dag kann een se en effet net kucken wéinst deenen Ringtoun-Reklammen (den jugendfräien Pendant zu den Sextelefons-Reklammen owes)! Mee du hues dach lo DSL, oder? Dann kéins de jo Radio streamen?

Leave a Reply