Sou sënnlos.

Eréischt Fotoen vun den Affer maachen dat ganzt méi real.
Sou sënnlos a verrëckt sou Attentater. (An dat gëlt natiirlech och fir Bommenuschléi zu Baghdad, etc)
D’Liewen ass e bizarrt Spill an kann och rem séier aus sinn. Oft nach éier et richteg ugefaang huet.
An firwat iwwerhaapt? Ass d’Liewen eng Beschäftegungstherapie? Fir eis? Fir Gott? Fir Götter?

Les poulets.

Ah, dofir ginn Flic’en och Poulet’en genannt! Rem eppes geléiert.

Voynich.

An nach eng Theorie zum Voynich-Manuskript.
Wann et wirklech e Fake ass, dann haat een am Mëttelalter awer gudd Zäit. An vill Phantasie. Mee bon, deemols ass et jo och net keen Internet ginn. Huet een jo mat irgendeppes Zäit missen doudschloen.
 

Keng Reklammen wgl.

Zu Sao Paulo zéien se dat lo ganz extrem duerch.
D’Resultat gesäit bizarr, mee irgendwéi och cool aus.
(via)