Eréischt Fotoen vun den Affer maachen dat ganzt méi real.
Sou sënnlos a verrëckt sou Attentater. (An dat gëlt natiirlech och fir Bommenuschléi zu Baghdad, etc)
D’Liewen ass e bizarrt Spill an kann och rem séier aus sinn. Oft nach éier et richteg ugefaang huet.
An firwat iwwerhaapt? Ass d’Liewen eng Beschäftegungstherapie? Fir eis? Fir Gott? Fir Götter?
Filed under: Religion/Philosophy

Dat wierklech Trauregt ass, d’Amerikaner werte näischt dorauser léiren an et dauert net laang, bis eng ähnlech Schlagzeil schon erem em d’Welt geet.
Jo, mee dat ass net wirklech de Punkt. Sou Saachen sinn schwéier ze verhënneren. An dat läit net nemmen un de Waffengesetzer. Et gouff sou Saachen jo och an Däitschland.
Mee et ass die Fragilitéit vum Liewen. Du gehs an d’Schoul, hues deng Projet’en, kennt en Mëllen ran, ballert der d’Gehiir fort. Game over.
Dat selwecht gëlt natiirlech fir Accidenter, Kricher, Hongersnéit, etc.
Ech sinn lo net dépriméiert oder sou. Ech stellen einfach just fest.
“Nihil fit sine causa.”
Mä Recht ginn ech der schonn: Bei Amokleef fält et engem schwéier ee “Sënn” dohannert ze gesinn. Et wier besser all potentiellen Amokleefer géif mol dem Epiktet seng Iwwerleeungen iwwer d’Moral liesen, da kéim et vläicht net zu sou Katastrophen (Verständnisfähegkeet virausgesat).
Woufir si Waffen da gudd? Wann et eppes Onnëtzes op der Welt gëtt, da sinn et Waffen.
Sëcher, eng Waff schéisst net vumselwen, mee si as awer duefir gemaach.
Et wëllt jo keen domat nëmmen op Colabéchse schéissen oder op Zielscheiwen.
Géint Dommheet vun de Mënschen kann een nëmme bedingt eppes maachen, mee et muss een deene Mëllen et net och nach méi liicht maachen.
Ech kann aner Sebstverteidegunsmethode léieren oder Pefferspray mathuelen, Elektroschocker, och wann déi verbuede sinn. Géint eng Waff hunn ech keng Chance, och net wann ech selwer eng dobäi hunn, well dee Mëllen mech schon erschoss huet, iert ech réagéiere kann.
fannen déi déi sou onzefridden mam Liewen sin, sollen entweder Hellef an Usproch huelen, oder einfach fir sech selwer Schluss mam Liewen maan. Dann as winnstens just eng Famill direkt betraff, an net och nach déi vun den Affer, well deen Mellen naischt annescht mat senger Zait uzefänken wosst.
Éierlech gesot, giff ech et net schlemm fannen an engem Staat mat zech Cameraen ze wunnen, wann doduerch sou Saachen kinnten verhennert gin. Mir as et eigentlech egal wann een mir nokuckt wann ech eng Glace iessen.
De Problem ass, daat keng Kamera vun der Welt esou eppes verhenneren kann. An den Iwerwaachungstaat ass fir mech net graad eng Utopie.
nee, vlait net verhenneren, mais déi betraffen Leit denken vlait zweemol no.
An en puer decidéiren sech dogéint.
Waat huet Ami-Land dann gemeet? An all Highschool stin zech Metalldetektoren an trotzdem geschitt emmer nees eppes…
Mengen ech muss mer den Owend “Bowling for Columbine” rem ukucken…
Nemmen fir rem ze gesin, dass jo un sech GUER NAISCHT gemaach gin as, sait deem
“nee, vlait net verhenneren, mais déi betraffen Leit denken vlait zweemol no.
An en puer decidéiren sech dogéint.”
Di meescht vun den Amokleefer hun no hierer Dod guernäischt méi geduecht.
haha, IERT se et maan, hun ech eigentlech gemengt. Sry haat mech dann falsch ausgedreckt
Net alles verhenneren, mais 1-2 lossen et vlait sin
Ech mengen, dass et méi streng Waffengesetzer méi efficace wieren an dësem Fall wéi Kamera’en (déi allerdengs op aner Plaazen Sënn man).
Den Typ konnt jo einfach mol an e Buttek erantrëppelen, sech locker eng Waff kaafen an dann duerchdréihen … Wann d’Gesetzer méi streng wieren bei hinnen, wou wier hien dann un seng Waff komm? Fir dann un eng Waff ze kommen, muss een schon virdrun kriminell Connectiounen hunn. Déi awer nach laang net all suizidalen Mëllen huet! Akaafen goen par conter ass definitiv méi liicht.
An och zu Baghdad sinn nees 180 onschëlleg Menschen haut emkomm. Just ass een do jo schon druns gewinnt. An dat ass jo an enger ‘anerer Welt’ …
Ech wees net, mee musse sou Geschichten hirhalen fir iwwer Waffegesetzer ze diskutéiren?
Ech denken, dass sou eng sënnlos Dot eis (resp. d’amerikanescht Vollék) net zu souenge Gespréicher féire sollt, well déi missten alleng schon duerch déi zech Mënschen déi duerch “normale” Schosswaffegebrauch em d’Liewe kommen, opkommen.
Fannt dir et an dëser Situatioun net vill méi frappéirend, dass e Mënsch an eiser Gesellschaft zu soueppes fäheg si kann? Wat sinn d’Grënn? Wann der mech frot, mussen et Saache wéi Ausgrenzung, Drock an Angscht sinn. Ech denke mir setzen den Hiewel un der falscher Plaz un, wa mer iwwer Waffegesetzer diskutéiren: doduercher gi krank Mënschen net geheelt an aner Mënschen liewen och net méi a Sécherheet. D’Psych vum Mënsch ass den Ursprong vun däer Tragédie an doriwwer sollt d’Diskussioun dach goen. Mee dorunner denkt nie iergendeen, dass déi Incidenten duerch fillend Wiesen verursaacht ginn, an dass deene Mënschen duerch verweigert Hëllef an duerch d’Schafung vun enger Welt an däer se net kënnen opgefaange ginn, de Wee zu sou Doten geebnet get.
Ech wëll mech eigentlech jo net ze politeschen Themen äusseren, gell.
Chris: Du gesäiss dat ganz richteg, d’Psych huet natiirlech vill domadder zte dinn. An wann een den Video, deen hien kuerz virdrun gemaach huet, kuckt, dann kennt do schon riwwer, dass hien mat der Gesellschaft net eens ginn ass an sech ongerecht behandelt gefillt huet … Ob zu Recht oder Onrecht sief dohinn gestallt. An seng Schlussfolgerung ass natiirlech och katastrophal die falsch gewiescht … Den Typ hätt definitiv missen méi psychologesch betréit ginn, zumools en jo och schon opgefall woer.