Selwer schold!
Posted on April 21, 2007 by strawdog
Lo wollt ech gudden Wëllen wéisen an die nei Fanta4 iwwer iTunes kafen. Mee lo gët et déi just am däitschen Shop an do kann ech mat mengem letzebuergeschen Account net akafen …… Wat soll dat? Firwat déi Restriktiounen? Dat ass net consumer-friendly.
Dann gët den eMule lo gestart. Stroof muss sinn.
Filed under: Luxembourg, Medien, Musek
Doriwwer hunn ech mech och scho geiergert. D’EU-Kommissioun ass am gaang eppes ze ënnerhuelen. Si huet e Kartellverfahren ageleet.
De Witz bei deem ganzen ass, Apple ass selwer dogéint. Apple hat eigentlech vun Ufank un een eenzegen europäesche Store geplangt, mee d’Muséksindustrie huet do net matgespillt a wollt fir all Land een eenzelnen Store… Vun dohier ass dat schon erem eng weider bescheuert Aktioun vun der EU elo welle géint iTunes firzegoen, well déi mussen sech wéi all Geschäft och un Lizenzéirungen haalen.
Idiotesch Museksindustrie en effet dann. Schnéiden sech weider selwer an d’Fleesch.
Dat mat deenen 127 iTunes-Stores ass effektiv grousse Quatsch aus der Siicht vum Consumer. Elo schonn fënnt een verschidden Alben oder Tracks a verschiddene Versiounen am lëtzebuerger iTunes Store, wann d’EU et lo ging fäerdeg bréngen, dass d’Lëtzebuerger och an all deenen aneren (op d’mannst EU-) Stores akafe kinnten, da multiplizéiert sech de Choix jo nach méi. Mä dat selwecht gëlt jo souwisou scho laang bei de klassesche Scheiwen, do war allerdengs nach ëmmer kloer mat “special import” gezeechent wann et dann elo eng aner Scheiw war wéi d’Standard-Versioun vum heemesche Maart. Bei engem Online-Store allerdengs, wou theoretesch keng Grenzen gesat sinn vu wou wien sech wat erofluede kann, fannen ech déi Methoden absurd.
Apple ass bei iTunes net ëmmer ganz glaubwürdeg.
En Beispill, wat lo allerdings mat engem liicht anren Sujet ze dinn huet:
http://tuxophilia.blogspot.com/2007/02/wee-musk-online-keeft-ass-selwer.html (-> och Kommentarer kucken)
Apple verkeeft dach längst DRM fräi Musék?! Dass den Jobs dat net well ass absrud, soss hätt en do ni matgespillt. Dass déi aner Plackefirmen awer elo kache vu Roserei op EMI weist mengen ech dach dass iTunes guer net esou onglawierdeg ass?