Richteg matsangen.

Cool. Bei Yahoo Music kann een lo d’Lyrics nokucken. Dat ass besser wéi all die Schrott-Siten, wou een bis lo huet missen hinnergoen fir d’Texter ze fannen.

An villäicht sangen dann lo och manner Läit falsch mat.

[update: Sing365.com ass en effet besser. An firwat iwwerhaapt eng Copyright-Geschicht op den Lyrics?? Firwat konzentréieren d'Plakkefirmen sech net op d'Protektioun vum Lidd usech? A wann een sech en Lidd iwwer iTunes kritt, kritt een jo mengen ech keng Lyrics mat, oder? Wéi soll een soss drun kommen, wann net iwwer en Site wéi Sing365 ... Et huet een d'Lyrics jo schliesslech matbezuelt!]

4 Responses to “Richteg matsangen.”

  1. Naja. Éischtens emol ass et zenséiert an eng ganz Rei Lidder domatter voller Stären. Zweetens ass et ee Bild d.h. et et kann een den Text emol net kopéiren. Do hun ech sing365 awer nach emmer wäitaus léiwer. :)

  2. Ooops, sou genau hat ech et nach net gekuckt … Hätt awer natiirlech bei Yahoo och missen méi skeptesch sinn!

    Dann kucken ech mer deen sing365 mol un.

  3. Ech fanne Lyricwiki gutt. Fir dee get et och en Firebox Toolbar Plugin.

    Wann dat da sou heescht.

  4. Hu lo grad no engem Lidd vun Flash and the Pan gesicht [super Band iwweregens]. Bei sing365 gëtt déi Band net fonnt, bei Yahoo fannen ech d’Band mä keen Text, ausserdeem nerven di vill Reklammen, Lyricwiki ass mäi Favorit. Merci fir den Tipp :)

Leave a Reply