An deen Nächsten …
Posted on April 30, 2007 by strawdog
Réaliséieren grad, dass ech een an mengem Alter (32), deen virun Kuerzem un Kriebs gestuerwen ass, awer kennen. Zwar net wirklech gudd, an haaptsächlech vun fréier aus dem Melu an sou, mee fillt sech trotzdem komesch un …
Zumools en ganz gudden Kolleg vun mir och virun 4 Joer un Kriebs gestuerwen ass. An en aneren deemols mat 16 Joer.
Et kann wirklech jidereen allzeit erwëschen …
Duerfir: méi genéissen an manner jéimeren. Richteg schlecht geht et jo wuel deenen Mannsten.
Filed under: Näischt
Mäi Bäileed.
Kriebs schéngt d’Krankheet vum 21. Joërhonnert ze sin. Bei mir ass firu kuerzem och erem een u Kriebs gestuerwen. Deen hun ech zwar och net extreem gudd kannt an haaptsächlech vu wou ech nach ee Kand war, mee e war och nach net wierklech aal an kaal léisst een sou eppes souwisou ni.
Kriibs ass net gleich Kriibs meng Kannercher. Do ginn et Tonnen vun verschiddenen Zorten an Grenn wisou een eng Art Kriibs kritt. Freier sinn d’Leit och meeschtens reischt guer net sou aal ginn dat se hätten kennen Kriibs kreien.
thierry: Merci, mee wéi gesot, ech hunn en just iwwerflächlech kannt. Et ass och mei d’Erennerung un d’Fragilitéit vum Liewen déi mëch an dësem Fall beréiert huet, wéi den Doud vun deem Typ selwer. Och wann dat lo villäicht komesch klengt. An geschter hunn ech en plus mol erklärt kritt, dass en aneren, och nach relativ jonken, Typ, deen bei eis an der Strooss geschafft huet an deen ech en effet schon eng Zäitchen net méi gesinn hat, och net méi liewen géiff. Vun engem Auto iwwerrant ginn. Jeje, Saachen ginn et …
fara: Dat ass schon richteg, dass d’Läit fréier oft gestuerwen sinn, éier se Kriibs kréien konnten, allerdengs spillt dat fir die Jonken hei natiirlech keen Roll …