Youtube Kräizzuch.
May 2, 2007
2 comments
D’Amerikaner hunn nees näischt besseres ze dinn. Lo dissen Atheisten an Chrëschten sëch op Youtube.
Helau!
An op deen Gottesbeweis sinn ech gespaant. Oder lossen mer soen, ech sinn drop gespaant wéi die zwee Päifen sech blaméieren wärten, well, wie schon méi gescheit Läit festgestallt hunn, ass et onméiglech fir Gott logesch zwengend ze beweisen, an och ze widderléen. An mol guer net dovunner ze schwätzen fir dann en plus ze beweisen, dass dësen Gott mat dem biblischen identesch ass. Keng Chance. Wier dat méiglech, dann bräicht een jo och keen Glaawen an datGanzt giff Fakt genannt ginn. Mee bon, jiderengem säin Hobby.
Categories: Religion/Philosophy
Rezent Kommentarer