Cyberillusions.
Interessanten, wann och bessen deprimanten, Artikel. An deen meng Astellung bestätegt, dass reng virtuell Communities, zumols kombinéiert mat Partnersich, kaabes sinn. Et projezéiert een vill ze vill an eppes usech Vagues eran. De Mënsch ass extrem kreativ wann et drëms geht wäiss Flëcken mat Wonschdenken auszefëllen. Realitéit an Fantasie iwwerschneiden sech nemmen seelen.
Second Life an sou ass (generell) fir Läit, déi keen eischt hunn. Oder do net eenz ginn.
Dann léiwer dat éischt. Och wann dat och net emmer évident ass. Mee et ass wéinstens real.
(via)
woubai ech net emmer e feeler dra gesin, wanns de an dengem eischten liewen net eenz gess, an en zweet ze goen.
mee sl ass krank
thorben: mee léisen sech deng Problemer an dengem eischten Liewen, doduerch dass de an dat zweet gehs? an huelen mer un, du agéiers léiwer, an méi, an dengem virtuellen Liewen, wéi an dengem realen, wat mëchs de dann, wann op eemol däin PC fräckt ass oder den Stroum fort ass? dann ass dain zweet Liewen husch … an et setzt een awer alleng virum Computer.
ps. den ‘du’ ass natiirlech den generellen du.
Am RL gëtt et (nach) kee Backup an et kann et och (nach) net rebooten.
Vläicht lät do de Reiz vun SL & Konsorten?