Wéi wouer.
Posted on May 7, 2007 by strawdog
Wenn ich anderen Menschen begegnet wäre,
dann wäre ich ein anderer geworden.Hätte ich andere Bücher gelesen,
würde ich anders denken.Als Sohn eines anderen Landes
hätte ich andere patriotische Gefühle.Von einer anderen Religion umfangen,
spräche ich andere Gebete.In einem anderen Jahrhundert beheimatet
strebte ich anderen Idealen nach.Wäre ich auf andere Fragen gestoßen,
würde ich andere Antworten suchen.Otto Betz, 1982
Wat ass Identitéit also? An wéi kann een ’sech fannen’, wann keen ’sech’ usech existéiert? Den ‘Ech’ ass en Konstrukt vun eisem Geescht, zesummengekleespert aus eiser Vergaangenheet, deen eis hëlleft net verrëckt ze ginn. Wat méi oder manner gudd klappt.
(via)
Filed under: Religion/Philosophy, netdomm
Wéi soot den Stromberg: “hätte, hätte, Fahrradkette”
Ah jo, sou sinn se, die grouss Philosophen!
Ech fannen et liicht widdersprechlech. Dass ee net beaflossen kann, wien eem begéint ass kloër. Mee de Recht. Ech hun déi Bicher, déi ech gelies hu jo net aus Dommheet gelies, mee bewosst ausgewielt. Ech hu keng patriotesch Gefiller fir dest Land, wisou sollt ech der fir een anert hun wann ech elo zum Beispill an der Schwäiz opgewuess wier (dat Beispill huelen ech bewosst, well dat wier baal agetrueden). Ech gleewen net un déi chrëschtlech Relioun, trotz chrëschtlecher Erzéiung (ech wollt souguer eng Kéier an d’Massendénger, war awer ni). Ech stellen d’Idealer vun deser Gesellschaft permanent a Fro an stellen mir meng eegen Werter op déi ech ustriewen, géing ech an engem anere Joërhonnert einfach déi Idealer unhuelen?
Soit, wat ech well soen ass, déi do Usiicht ass zevill arbiträr. Verschidde Sachen si ganz wuel scho bei Gebuert festgeluecht (zum Beispill ass de Glaawen u Gott an der DNA verankert), d’Intelligenz ass méi oder manner définéiert, etc… A souwisou ass d’Fro u sech schon absrud, wat wier wann een enzwouch anescht zu enger anerer Zäit gebuer gi wier, well dat ass biologesch scho guer net méiglech. Fir dass mir elo genausou sin wéi mer sin, huet et missten déi zwee Elterendeeler zu genau deem Zäitpunkt sin, soss wiere mer haut guer net do.
thierry:
“Ech hun déi Bicher, déi ech gelies hu jo net aus Dommheet gelies, mee bewosst ausgewielt.”
Firwat hues de dann grad déi ‘bewosst’ ausgewielt an keng aner? Wat huet dech zu dem Punkt bruecht, dass de dech fir eng Thematik X interesséiers an net Y?
“Ech hu keng patriotesch Gefiller fir dest Land, wisou sollt ech der fir een anert hun wann ech elo zum Beispill an der Schwäiz opgewuess wier (dat Beispill huelen ech bewosst, well dat wier baal agetrueden).”
Patriotismus huet an dengem Liewen an an denger Liewenssituation keng Roll gespillt. Wéi wier dat gewiescht wanns de virum 2. Weltkrich op d’Welt komm wiers? En plus ass Patriotismus oft eng Definitiounssach. An rem: Wat huet dech dozou bruecht, dass du keng patriotesch Gefiller hues?
“Ech gleewen net un déi chrëschtlech Relioun, trotz chrëschtlecher Erzéiung (ech wollt souguer eng Kéier an d’Massendénger, war awer ni).”
Dat woer dann wuel wells de irgendwann an Kontakt komm bass mat Läit diskutéiert, oder Bicher gelies, hues firwat d’Chreschtentum keen Riesensënn mëcht. Ween wees wéis de giffs denken, wanns de nie mat Alternativen konfrontéiert gewiescht wiers? Ps. Ech woer an de Massendenger, lol.
“Ech stellen d’Idealer vun deser Gesellschaft permanent a Fro an stellen mir meng eegen Werter op déi ech ustriewen, géing ech an engem anere Joërhonnert einfach déi Idealer unhuelen?”
Ween weess. Et ass meeschtens schwéier virauszegesinn, wéi een an aneren Situatiounen giff réagéieren bis een wirklech an der Situatioun ass.
“Verschidde Sachen si ganz wuel scho bei Gebuert festgeluecht (zum Beispill ass de Glaawen u Gott an der DNA verankert)”
Sou wäit ech weess ass dat awer nach net 100 confirméiert? An wann dat giff stëmmen, dann wieren mir wesentlech manner fräi, wéi mer dat emmer sou unhuelen. Wat menger Meenung no awer gudd kann sinn. De Fräien Wëllen ass zum groussen Deel eng Illusioun.
“A souwisou ass d’Fro u sech schon absrud, wat wier wann een enzwouch anescht zu enger anerer Zäit gebuer gi wier, well dat ass biologesch scho guer net méiglech.”
D’Fro woer jo och méi op een en festen ‘Kär’ huet oder op een sech permanent selwer nei definéiert.
“Fir dass mir elo genausou sin wéi mer sin, huet et missten déi zwee Elterendeeler zu genau deem Zäitpunkt sin, soss wiere mer haut guer net do.”
Richteg. Wier däin Urbop deemols um Wee fir op de Bal wou en den Urbom kennegeléiert huet vum Pärd gefall an hätt sech do déidlech verletzt, dann wiers du lo net do.
Mir kënnen eis dréine wéi mer wëllen, Europa ass nun emol vum Chrëschtentum geprägt. An duerch verschidde Vëlkerwanderungen krute mir och vun esou munch anerer Säit nach eppes opgeprafft. Net emmer zu eisem Nodeel, wor och Positives dobäi.
Datt mir eis weider entwëckelt hunn koum do duerch, datt an der Renaissance et emmer intelligent Käpp gouf déi massiv Widerstand geleescht hunn well se selwer nogeduecht hunn.
Esou sinn d’Mënscherechter entstaanen déi awer nach laang net an all Land hiren Néierschlag fonnt hunn, leider.
Do duerch , datt verschidde Leit der Kierch de Rëck dréinen amplaz an der Kierch Widerstand ze leeschten si mir geschwënn e Vollek ouni Relioun a Moral. Dat wir dann eppes wat nach ni do gewiescht wir. Vum Kommunismus emol ofgesinn, dee jo net fonktionéiert a wou de Putin a Russland der orthodoxer Kierch erem an de Suedel hëlleft. E wees firwat, well Russland soss dem Islam näischt entgéint ze sätzen huet.
Doriwwer sollte mer emol nodénken.