Back again.

Sou, ech sinn rem zereck am Ländchen. Wéi die meescht jo lo hei wëssen, sinn ech 800km op Santiago de Compostela getrëppelt. Net aus religéisen Grënn, mee eischter aus Virwetz an fir mol eppes ganz anescht ze man.

An ech muss soen, et woer eng vun deenen beschten Experienzen, déi ech bis lo gemaach hunn. Schräiwen spéider wahrscheinlech eng Keier en klengen Post driwwer. Mee am Moment sinn ech nach ze midd an muss mol alles sortéieren. Meng Fotoen an meng Gedanken.

Ausserdem ass jo haut och nach den Rock-a-Field.

Hasta luego.

cimg0794.jpg

  1. June 24, 2007 at 11:18 am | #1

    Flott dass du rëm do bass. Ma fir op Crauthem pak léiwer d’Gummistiwwelen an. ;)

  2. Arlésienne
    June 25, 2007 at 5:58 pm | #2

    Welcome back, Grommel aka strawdog! Ech si gespaant op Däin Erfahrungsbericht an op d’Biller vum Camino.

  3. June 25, 2007 at 6:23 pm | #3

    Welcome Back! An virdeischt mol en WOW fir déi 800 km!

  4. June 25, 2007 at 6:56 pm | #4

    Merci alleguer!

    Mellen mech geschwenn nach eng Kéier zum Thema. Sou Fotoen sortéieren (an beschreften) ass nawell richteg Arbecht … ;)

  5. February 1, 2008 at 1:26 pm | #5

    Net schlecht! Et ass zwar schon eng Zäitchen hier, mee all Respekt fir déi Leeschtung. Hätt do nach e puer Froen, wéi laang hues de gebraucht, wou bass de fort gaangen, am Zelt geschloof oder Gîte, je alles waats de esou erlieft hues! ;)

  6. February 1, 2008 at 2:37 pm | #6

    Änder:

    Hei kanns de méi driwwer liesen: http://strawdog.wordpress.com/2007/06/26/main-treppeltour/

  7. February 1, 2008 at 3:57 pm | #7

    Merci, merci!

    haat dee Post net direkt gesinn! ;) Ass wirklech ganz interessant!

  1. No trackbacks yet.