Mäin Trëppeltour.

(klick hei fir meng Fotogallerie)
Die Iddi fir den Jakobswee ze goen hat ech schon virun e puer Joër, allerdengs nie an deem Mooss fir se konkret emzesetzen. Läscht Joër hunn ech dann, wéi anscheinend bal jidereen, dunn dem Hape Kerkeling säin “Ich bin dann mal weg” gelies an beschloss, amplaaz emmer nemmen ze soen ‘Dat kéint ech man, dat misst ech man, dat sollt ech man’ et dach en effet einfach nemmen ze man!
Wéi ech dunn sëcher woer, dass ech mer op der Arbecht och kéint 6 Wochen fräihuelen, ass et mam Plangen lass gaang. An op eemol woer et dunn en effet sou wäit an ech hunn de Fliijer fir op Biarritz geholl. Ech woer mer allerdengs net ganz sëcher op wat ech mech lo agelooss haat. Alleng, 6 Wochen, wat wann ech mech langweilen? Oder main Kierper net matspillt? Die aner Läit all bizarre sinn? etc.
Déi Froen hunn sech allerdengs, wéi sou oft, als net ubruecht erausgestallt. Well eng Saach, déi mir immens gudd gefall huet, ass dass een um Camino direkt Kontakt mat villen interessanten Läit fënnt. Die meescht kommen alleng dohinner an sinn duerfir selwer oppen fir nei Kontakter (am Géigensaatz zum ‘normalen’ Liewen). Sou erginn sech séier Frendschaften an kleng Gruppen. Ausserdem verbënnt een jo eppes Gemeinsames an dat erliichtert d’Mateneen jo enorm. An et gesäit een mat der Zäit emmer rem die selwecht Läit erem (an neier), sou dass et ganz natiirlech ass, dass een op eemol mat quasi jiderengem schnësst. Mol mei, mol manner natiirlech. Mee alles emmer ongezwongen an positiv. D’Gespréicher sinn och manner iwwerflächlech wéi villäicht soss mol an et kënt een relativ séier op méi déifgrënneg an och perséinlech Themen.
Sou dass et engem seelen langweileg ass. Au contraire, heiandsdo hunn ech schon bewosst missten en Break man an e bessen Solitude sichen. Well ech woer jo och dovir do. An wann een alleng wandert, ginn engem Zäit an d’Distanz och wesentlech méi bewosst an et ass méi ustrengend. Anerersäits erlaabt et engem awer och iwwer eegen Saachen nozedenken. Et ass wuel wéi emmer am Liewen, alles an Moossen: mol Deel vun engem Grupp, mol alleng. Fir mech die perfekt Mëschung.
Wat d’Läit ugeht, sou hunn se all, mech abegraff, eng kleng mat der Ratsch (am positiven Sënn). Mee et ass wuel dat, wat se sou sympatesch an interessant mëcht. Ausserdem sinn die meescht wirklech léiw, hëllefsbereet asw. Qualitéiten, déi een soss net emmer direkt iwwerall fënnt. Natiirlech ginn et och e puer Unikum’en, mee och déi sinn am Endeffekt harmlos. Interessant woer och, dass d’Läit aus der ganzer Welt kommen (Europa, USA, Kanada, Mexiko, Japan, Korea, Indien, …). D’Majoritéit ass och aus reflektiven/spirituellen Grënn do, eng Minoritéit aus wirklech traditionell kathouleschen an e puer man et just wéinst dem kierperlechen Effort.
Kierperlech hunn ech et och ganz gudd gepackt. Et gewinnt een sech séier un dat alldeeglecht Goen an deen néien Alldag. An et ass och villes méi einfach. Et brauch een netlaang z’iwwerléen, wat een undoen soll. Et huet een jo nemmen 3 Saachen. Et brauch een net laang z’iwwerléen, wat een man soll. Et muss een just an enger Herberg ukommen. Generell muss een wéineg Décisiounen huelen, an et huet een Zäit fir méi kontemplativ, am Moment, ze liewen wéi emmer eppes missen ze man. Natiirlech gëlt och hei nees d’Saach mat den Moossen. Nemmen kontemplativ ass genausou schlecht wéi nemmen hektesch a gestresst ze sinn. Mee et gesäit een villäicht verschidden Saachen aus engem aneren Bléckwenkel an erkennt, dass et méi wie nemmen een Wee gët säin Liewen ze man, oder, grousst Wuert, glëcklech ze ginn.
An schlussendlech stellt een fest, dass die meescht Läit wuel nemmen dat selwecht wëllen: zefridden/glëcklech ze sinn an Léift ze kréien resp. können ze ginn. Lo klengen ech schon wéi en Hippie. Just dass ech mech regelméisseg duschen, hehe.
Natiirlech ass sou en Liewen um Camino eng Extremsituatioun an an enger gewësser Hinsicht eng Utopie, mee trotzdem seet een sech, dass d’Welt besser wier, wann méi Läit sou giffen denken oder spieren. An net de Besoin hätten fir anerer permanent auszebeuten an just no sech ze kucken oder, dat anert Extrem, Haass ze verbreeden an sech selwer an d’Luucht ze sprengen …
Sou, dat wär dann lo mol main schnellen Résumé.
E schéinen Dag nach!
Filed under: Gesellschaft, Perséinleches, Photographie, Religion/Philosophy
Wow, super! Ech sin och ee vun deene villen déi denken datt se dat iergentwan musse man, dofir Respekt fir all déi déi de Mudd an d’Zäit fannen. Ech geif et wuel aus ähnleche Grenn man weis du, dofir em sou méi intressant.
Merci!
An et ass wéi emmer: Mat genuch Motivatioun geht bal alles!!
Wéi gesoot, nach eng Keier en groussen Respekt dofir an och merci fir dain Bericht, den klengt super interessant
Merci fir de Bericht an di groussarteg Fotoen! Dem Hape säi Buch an dem Grommel seng Fotoen, dat as de Stoff fir eng virtuell/mental Wanderung um Camino, fir all di Leit, deenen et physesch net méiglech as, sech op de Wee ze maachen…
Also mat deem heite Post hues du deng Paus hei op dengem Blog awer méi wéi wett gemaacht, Gratulatioun zu denger Leeschtung. Besonnesch gefale mer awer och deng Fotoen, super!
Merci, Merci
Salut Luxusgrommel
Respekt fir Däin Tour an déi schéi Fotoën , hoffen fir Dech dass den hellege Geescht Dech ënnerwee dach awer déi éng oder aner Kéier gestreift huet . Ech hu jo schon anerwäerts probéiert der et ze erklären , ma d’Relioun ass wéi e schrecklecht Aksident , et wëllt een näischt domat ze din hun , ma wann een dolanscht fiert muss een awer dohikucken . Ze méngen et kéint een de Camino goën ouni Spiritualitéit a Relioun ass ongeféier sou wéi wa méng Mamm seet “dee kann dach net Schwul sin , en ass bestuëd an huet zwee Kanner” . Merci dass Du lo en Hippie bass an Dech awer wäschs , a schlussendlech Merci dass Du op dénger Säit éng vum Charel (deen eenzege Lichtbléck a ménger soss dach zimmlech erbärmlecher Famill) sénge schéine Fotoën publizéiert hues . Ech si frouh dass de alles gudd iwerstan hues an net esou “eidel” bass wéi munch aner Zäitgenossen’innen .
sdf (du wees schon ,”liëws de schon oder hänks de nach am forum”
Merci sdf, an jo ech erenneren mech un dech
Ech sot jo och nie ech hätt eppes géint Spiritualitéit, just d’Religiounen maachen keen wirklechen Sënn fir mëch.
An dem Charel seng Fotoen sinn einfach exzellent.
D’Reliounsgemeinschaft mat hierer Relioun ass just Gezei , dat wat am Gezei stëcht ass dat wat ziëlt , oder has Du nach nie e Stéck Gezei wat zwar gudd ausgesin huet ma wat awer onbequem war a gepickt huet ?
Wanns du domadder soen wells, dass et op d’Läit an d’Gemeinschaft ukennt, an manner op religéis Dogmen, dann ginn ech der Recht. Dat eischt ass méi wichteg wéi dat zweet.
Top! Den Text, d’Fotoen, alles. Schéin dass de erem do bass!
Zum Thema Relioun / Spiritualitéit: Ass et dann net e bessen traureg, dass et Leit gin, déi reliéis Dogmen brauchen fir eng Gemeinschaft ze formen?
Oder, komplett anescht gefrot: bei Scientology gin et Leit déi do erageroden sin, déi awer u sech keng schlecht Menschen sin. Géing dofir ee Mensch soen, dass awer gudd dass et Scientology gett well do huet sech eng Gemeinschaft gegrennt déi op eng gewess Art a Weis spirituell ass? Jo mee Scientology muss ee bezuelen! Tiptop, an Däitschland zum Beispill gett et eng Kierchesteier, hei zu Lëtzebuerg geet dat indirekt iwwer d’allgemeng Steieren.A wann een an d’Kierch geet kritt een ee Kuerf ennert d’Nues gehaalen fir Suen dranzegeheien a vun den anere Leit ganz béis ugekuckt wann ee keng 20€ (Fakt!) drageheit.
Jo mee Scientology ass Gehierwäsch! Also souvill manner absurd wéi d’Geschicht mam Vulkan an deenen komeschen Ausserirdeschen ass d’Bibel och net… Vun Ufank un. Déi ganz Menschheet staammt vun zwee Leit of? Wéi géingen mer dann mat all deem Inzest haut ausgesin?
Wann ech Gemeinschaft soen, dann mengen ech eng Gemeinschaft, déi fir hier Memberen POSITIV ass. Gehiirwäsch, Erpressung, etc falen net ennert déi Definitioun. Scientology fällt domadder ewech, genauso aner extremistesch (religeis oder net) Gruppen.
Wann awer lo eng Bomi gären an der Kierch hëlleft, well sie dann eppes ze dinn huet an do aner Bomien fir ze schnëssen rem gesäit an déi sech géigensäiteg hëllefen, dann ass dat fir mech eng gudd Saach. Op die Bomi’en lo wirklech un die Dogmen gleewen oder net.
beis cool
Salut Strawdog
Demnächst geet et dann och op de Camino oder de Camion ? Kuck emol a mäi Projet eran , ech pilgeren an Zukunft léiwer op 20 Zoll Schlappen durch d’Welt . Do huet och wéinstens d’Ozonschicht eppes dovun . Wann ech Dech dann iergendwou begéinen da schmäisse mer éng Entrecôte op de Grill an drénken een zesummen . Ech fréë mech schon drop . Mir kënnen eis och einfach zesummen ënnert e Bam sëtzen an iwer de Sënn oder Onsënn vun de Reliounen raisonnéieren bis et eis dronke gët . Mol kucken . Pass gudd ob Dech op .
sdf
Kléngen Nodro :
http://www.camperfriends.de/forum/viewtopic.php?t=4373
Mir al Säck sin ëmmer sou vergiësslech .
Alles Guddes dann, sdf! An maach och Fotoen
An ennert engem Bam philosophéieren ass emmer gudd!
Pass och op dech op.