Gëschter woer mol rem en Ni Vu Ni Connu. An dësem Fall eng Danz- Performance virun, an, op an ënnert engem Bus. Begleet vun enger Video- projektioun an Musek. Open-Air um Parking vun der Luxexpo.
An wann ech och desläscht eng Kéier vun NVNC enttäuscht woer (Tunnel bei der Philharmonie) an wann den Präiss vun 15.- och net grad geschenkt ass, sou woer ech geschter dach nees deck begeeschtert. An d’Organisateuren sinn wirklech ze luewen fir en Genre vun kënschtlerechen Performancen op Letzebuerg ze kréien, oder hei z’organiséieren, wéi se soss just an méi ‘coolen’ Stied am Ausland méiglech sinn. Duerfir, Respekt.
Des Performance hei kënnt an menger Beschtenlëscht direkt hannert dëser.
Fotoen an Video kann een hei kucken.
Filed under: Konscht, Luxembourg, Photographie
