Fussball.

Ech sinn zwar keen Riesenfuttballfan an die Erkenntnis hei ass net néi, mee ech kann verstoen, wann d’Fans den ‘Lokal-Flair’ vermëssen:

Stuttgart: Schäfer - Hilbert, Tasci, Meira, Boka - Pardo - Khedira, Hitzlsperger, da Silva (84. Farnerud) - Marica (77. Ewerthon), Cacau. - Trainer: Veh.
Schalke: Neuer - Rafinha, Bordon, Krstajic, Pander - Ernst, Kobiaschwili (70. Rakitic) - Özil (46. Jones) - Asamoah (81. Bajramovic), Kuranyi, Lövenkrands. - Trainer: Slomka.

Woren dat nach Zäiten, wéi an de Clibb wirklech Läit vun do gespillt hunn. Haut ass dat eenzegt lokalt wirklech just nemmen nach de Numm. Ech mengen dofir hunn ech Welt/Europameeschterschaften  sou gär. Do sinn d’Equippen emmer nach lokal an engem gewëssen Sënn. Obwuel natiirlech lo bestemmt een d’Konter-Beispill vun de Fransousen brengen wärt ;)

Mee d’Globalisatioun betrefft jo alles (an ass och net nemmen schlecht) an villäicht sinn ech och haut just op engem Nostalgietrip, haha.

3 Responses to “Fussball.”

  1. Du wäerts laachen, mee den Tasci an de Khedira si richteg Stuttgarter, de Neuer, Pander an den Özil richteg Schalker. An de Kuranyi ass jo bekanntlech och e Stuttgarter. Also si 6 vun den 22 vun Ufank un agesaten Spiller an engem vun den zwee Veräiner ausgebild ginn. Dobäi kommen dann nach Schäfer, Hilbert, Hitzlsperger, Krstajic, Ernst, Jones, Asamoah a Bajramovic, déi alleguer aus Däitschland sinn.

    Dat ass jo awer nu wierklech scho mol net sou schlecht, du häss kënnen e méi extremt Beispill fannen. ;)

  2. Ok, I stand corrected! ;)

    Ech hat mech nemmen op d’Nimm baséiert, lol, mee et huet einfach ze krass ausgesinn.

    An sech ass et jo dann just en Reflet vun eiser Multikulti-Gesellschaft.

  3. hu kee Bock op Fussball ;-P

Leave a Reply