Old skool sci-fi (4)

Nondikass, ech hunn schon laang net méi souvill Filmer gekuckt, wéi an deenen läschten Deeg … Dat schwätzt net fir de Summer!

Nächsten an der Réi: “Soylent Green” (1973).

Interessant Story an d’Utopie ass exzellent emgesat, vill gudd Détailer. An natiirlech de Charme vun den 70er Futorologie. Mee wat mëch bei all dësen Filmer lo erstaunt ass, wéi düster déi Filmer deemols usech woren. Wann een dat mat engem Héichglanzspektakel vun haut wéi ‘The Island’ vergleicht! An dass et jo haut meeschtens emmer muss en kitschegt Happy End ginn, firwat net en oppent Enn? Mee villäicht hunn ech jo just d’Géigenbeispiller vergiess.

8/10

Leave a Reply