Bitte nicht lächeln.

Den Staater huet mech mat sengem Post drun erennert, dass aal Fotoen en effet e ganz speziellen Charme hunn (flott Foto vum Knuedler btw).

Hei meng zwee Bopen als Bouwen (an wat huet een sech deemols emmer rausgefiezt fir eng Foto):

old2.jpg

old1.jpg

Mee nach besser wéi aal Fotoen sinn aal Filmer. Mir hunn lo mengem Boop seng Filmer aus der Nookrichszäit deelweis digitaliséieren gelooss. Faszinant.

5 Responses to “Bitte nicht lächeln.”

  1. Déi géif ech zwar och ganz gären gesinn, intressant Photoen awer! Eng aaner Epoch, wéini ongeféier?

  2. Déi Fotoen sinn vun em 1910.

  3. Also de Fotoen no ze schléissen, kann et dénge Virfueren net schlecht gaang sinn. Ech fannen et och ëmmer rem faszinant al Fotoen vu ménge Grousselteren an Elteren ze gesinn, well s de wierklech drun erkenne kanns, wéi séier, dass d’Welt sech verännert.

  4. Schlecht sëcher net, mee et därf een och net vergiessen, dass een sech deemols emmer speziell rausgefiezt huet fir Fotoen. Deemols haten Fotoen nach mei en Wert, wéi hautzudags mat den Digicams ;)

    An jo, et sinn nemmen 100 Joer oder sou, mee trotzdem eng ganz aner Welt. An et geht emmer méi séier. Main eischten Autosaccident woer enner anerem dorobber zereck ze féieren, dass et nach KENG Handyen gouff, resp. nach quasi keen der hat! ;) An ech kann mech nach un Testbiller op den Teleschainen erenneren wann se owes net méi gesend hunn, lol.

  5. Dorunner kann ech mech och nach erënneren! Dat waren nach Zäiten…

Leave a Reply