Des avions dans l’estomac.

Woer geschter op dem Concert vum Herbert Grönemeyer zu Esch an der Rockhal. Exzellent! An de gudde Mann huet 3 Zugaben ginn, iwwer 2 Stonnen gespillt. Allerdengs weess ech net ween him déi Flou an d’Ouer gesat haat, fir mat eis franséisch ze schwätzen!? Um Ufank huet et mech genervt, mee henno huet een gemierkt, dass et him selwer Spaass gemaach huet op franséisch können ze radebrechen … Et woer just schued, well een op franéisch net säin typescht Grönemeyer-Gegrommels hervirbrengt.

An hat ech schon gesot, dass säin Concert op der Kockelschéier virun 20 Joer mäin eischten Concert woer? Jeje, get een aal … An die aal Läit erzielen jo emmer vun fréier, hehe.

Sou, hei puer Video’en (deelweis mat Gesang mat fermen lëtzebuerger Accent am Hannergrond) an miserablen Videoqualitéit, mee den Tou ass ok:

Bochum:

Flugzeuge im Bauch:

Du bist die:

Männer:

Alkohol:

One Response to “Des avions dans l’estomac.”

  1. Hm gesäit net schlecht aus… Sin zwar kee riesen Fan, mee seng Leeschtungen an sein Talent muss ee schon unerkennen

Leave a Reply