Class divisions.

Viewing American class divisions through Facebook and MySpace

Eng net oninteressant Gesellschaftsopnahm. An wat mëch perséinlech jo emmer bei MySpace oofgeturned huet, ass dass die Säiten all sau-ellen, iwwerlueden an kannerech sinn. Do ass Facebook en effet vill besser.

2 Responses to “Class divisions.”

  1. Zanter dass Facebook mat hierer beschuerter API ugetreppelt koum an lo all Vollidiot tonnen an tonnen sennlos an nach méi irrelevant “Applications” op säi Profil setzt nervt mech Facebook zwar och extreem. Bei verschiddene Profiler muss de eng hallef Stonn scrollen bis de endlech bei der Wall ukenns.
    Ech sinn erem ganz almoudesch bei Email an IM ukomm. Keng Reklammen, ech kann et verschlesselen, soit per PGP soit per OTR, an déi Leit mat deenen ech effektiv well Kontakt hunn hunn ech do souwisou dran. An fir Fotoen hunn ech jo mäin eegenen Server. Do muss ech och kenger friemer Firma de Copyright u Biller vu mer iwwerloossen.

  2. Ok, dat mat den Apps stemmt. Sie missten just den Wall par défaut uewen hinner man, dann wier et gudd. Deen aaneren Krätz brauch en effet keen. Mee ech hunn lo haaptsächlech vun eigentlechen sobren Layout geschwaat. Die Hannergrënn, Biller oder Musek vun MySpace Säiten sinn mei grujjeleg wéi en schlechten Trip.

    An ech muss och soen, dass ech frou sinn,dass ech den Adblock hunn, well FB fänkt un Reklammen lenks a riets ze schalten … Wann sie dat alles iwwerdréiwen sinn ech, an wahrscheinlech och vill aneren, séier nees fort. Oder kommen just nach heiandsdo eranschecken.

    FB ass duerfir secher net perfekt! Loin de là. Mee emmer nach besser wéi MS.

    An den Artikel geht jo eigentlech manner em den Design, wéi em d’Läit déi die Service benotzen.

Leave a Reply