Archive

Archive for October 1, 2007

Polizeistaat.

October 1, 2007 4 comments

Vun haut un sinn jo dann die nei Spillregelen am Verkéier an Kraft. D’Majoritéit vun deenen gesäit awer, oh surprise, nees no renger Willkür aus.

Huet een Statistiken op et wirklech die Läit teschent 0,5 an 0,8 Promille sinn, déi die meeschten Accidenter verursaachen? Vun wivill Accidenter schwätzen mer eigentlech? An wivillen Doudegen? Rechtfertegen dës Zuelen die nei, awer schon drastesch, Aschränkungen?

Wivill Doudeger oder Verletzter ginn wirklech op de Kont vun Sëffer oder Raser? De Moien ass z.b. rem een op riischter Strooss an e Bam gerannt an emkomm. Wat woer d’Ursaach? Alkohol, Middegkeet oder Suicide? Dat schengt egal ze sinn, well en kent einfach an die allgemeng Statistik vun den Verkéiersdoudeger, mat deenen dann hantéiert gët fir irgendwelch Pläng duerchzebrengen.

Wann d’Vitesse dann lo kontrolléiert gët, gët dat op Plaazen gemaach, déi an der Vergaangenheet wirklech geféierlech woren oder op Plaazen, wou sech gudd Suen verdëngen léisst? Sinn Verkéierskontrollen haaptsächlech fir d’Sëcherheet oder ass dat just Hypokrisie an eigentlech geht et haaptsächlech am d’Suen an Prinzipien?

Mëch stéiert un dësen Regelen die Scheinhellegkeet. Entweder sie verbesseren d’Sëcherheet wirklech (an dann kann dat och beluegt an bewiesen ginn) oder et ass just wéinst politescher Korrektheet, Geldmaacherei, Muechtspiller, Inkomptenz, etc. Mee dann soll een och sou éierlech sinn an dozou stoen.

Categories: Auto, Luxembourg